Scoutsziedel

Fir iech alleguer:
De ganze Grupp geet och dest Joer nees mat am Cortège vun de Feierlechkeeten fir Nationalfeierdaag. Leider hun ech bis elo nach keng Détailer vun der Gemeng kritt. Spéidstens den 21.06 fannt dir hei um Site Détailer

Fir all d’Wëllefcher:
Wéi versprach gi mir des Woch an d’Luut. Mir gin den 9. Juni op Diddeleng an de Kloterpark, an de Grupp bezillt. Didd iech am bäschten sportlech un (keng Jeans), mat festen Turnschung. Mir treffen eis um 12h40 zu Peiteng ob der Gare an sin owes um  17h40 rem zerëck. Brengt eppes fir ennerwee ze drenken an evt. een Uebst oder esou mat.
Samschdes den 16.6 starte mir eng nei Aktivitéit loost iech iwerraschen a kommt einfach vun 14°° bis 16°° op de Bierg.

Mat léiwen Scoutsgréiss är Lieblingschef

Fir all d’ AvEx:
Mir hun den 9. an den 16. all Kéier vun 14°° bis 16°° Auer Versammlung um Bierg.
Eise Camp ass vum 18. bis den 27. Juli zu Beggen.

Fir all d’CaraPio:
Salut alleguer, hei déi neitsten Neiegkeeten:
Samschdeg den 09.06: Versammlung vun 14°° bis 16°° Auer um Bierg.
Donneschdeg den 14.06: Eletereninfowend iwer den Rumänien Camp um  19.30 Auer zu Monnerech am Scoutschalet.De Wee fir bei de Chalet fannt dir op: http://www.jbm.lu/?Chalet
Samschdeg den 16.06 bis Sonndeg den 17.06.2012 CaraPio-Rumänien-Camp-2012-Preparationsweekend. Weider Infoen fannt dir vum 13.6 un op desem Site.

Fir all d’RaRo:
Hy, oder Hi? Mir schaffen den 9. an den 16. Juni all Kéier vun 16°° bis 18°° fleisseg weider un der Renovatioun vun eisem Sall. Den 16.Juni ass Pobeiersammlung leider hun d’CaraPio do ee W.E mir brauchen also ganz fill Leit… R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg de 16.06 ass Pobeiersammlung, r.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Well d’CaraPio do ee W.E hun  si mir nach méi op DENG Hëllef ugewisen. Elo schons en decke MERCI!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top