Franz vun Assisi

Infoziedel bis de 16. Oktober 2021

Fir Iech alleguer

  1. Samschdes de 16. Oktober: Scouts-Mass um Prënzebierg fir d’Fest vum Hl. Franz vun Assisi

Dier alleguer, är Elteren a Geschwëster,… sidd häerzlech invitéiert op den Prënzebierg bei de Chalet ze kommen a mat eis des Scouts-Mass ze feieren. D‘Mass fänkt um 15:30 Auer un. Duerno gëtt d’Méiglechkeet bei engem Patt nach gemittlech zesummen ze sinn, fir dat neit Scoutsjoer unzefänken. Fir dat esouvill wéi méiglech Membere matmaache kennen, ass d’Mass dobaussen an eng Mask ass obligatoresch. Di kleng Receptioun duerno wäert dann en Covidcheck-event sinn. Duerfir denkt drun äre QR-code vun der Covid19 Impfung matzebréngen. Fir déi mannerjäreg ongeimpfte Kanner brauche mir eng Autorisatioun vun den Elteren dat mir Chef dierfen en Antigen-test maachen. De Formulaire fannt dir an der Annex, bréngt dee w.e.g. ausgefëllt mat an di nächst Versammlung.

  1. Aktualiséiere vum Membersfichier:

Am Unhang vum Bréif fannt der en Formular wou mir är Kontaktdate froen. Fir eis ass dat wichteg fir de Membersfichier à jour ze halen. Op deem Formular stinn och nach Informatioune fir d’Cotisatioun ze bezuelen, a mir froen den Accord vun ären Eltere fir Photoe vun iech ze maachen. Loosst är Elteren dëse Formular w.e.g. ausfëllen a bréngt en di nächst Versammlunge mat. Falls dir schonn esou ee Formular an der leschter Versammlung ausgefëllt hutt, musst der dat net nach eng Kéier maachen.

Neies op lgspeiteng.lu

Op lgspeiteng.lu/historesch/ fannt der ab elo e Bréif vun 1941, an deem de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten duerch den Nazi Stillhaltekommissar Schmidt opgeléist an hir Sue konfiskéiert goufen. Merci fir d’Dokument un den Arny Martin. Mir hunn och nei Fotoe vun de Biberversammlunge vun dësem a leschtem Joer, ze fannen iwwer lgspeiteng.lu/f/ .

Fir d’Biber

Den 02.10.2021 hunn mir normal Versammlung vu 14.00 bis 16.00 um Bierg. Den 09.10.2021 gi mir bei Eppelpress op Eppelduerf. Déi ganz Sortie wäert de ganzen Dag daueren a kascht 20€. Mir gi moies Äppel plécken a selwer Viz maachen. An da Mëttesstonn iesse mir zesummen, drénken en gutt Glas Viz a Mëttes hu mir dann och nach Programm. Viraussiichtlech starte mir den Dag zesummen um 7:30 um Parking bei der Gare oder bei der Eucosider, weider Informatioun krit dir vum Claire iwwer WhatsApp. Mellt iech w.e.g. bis den 02.10.2021 beim Claire Zwick iwwer SMS oder WhatsApp un. (691309108) De 16.10.2021 hunn mir Versammlung um 14.00 um Bierg, di Versammlung dauert e bëssche méi laang well mir um 15:30h  bei der Scouts-Mass matmaachen. Denkt alleguer drun di Autorisatioun vun ären Elteren (oder am beschten direkt är Elteren) matzebréngen (kuckt bei « Fir Iech alleguer »).

Fir d’Wëllefcher

Endlech ass et erëm sou weit mir fänke mat engem neie Komet um. Loosst Iech iwwerraschen. Den Dr Zollerstein an de Mr Villias hunn sou munches fir Iech virbereet. De Samschden 02.10 hu mir Versammlung wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 um Bierg. De Samschden 09.10.2021 maache mir en Ausfluch zesumme mat de Biber. Mir gi bei Eppelpress op Eppelduerf. Déi ganz Sortie wäert de ganzen Dag daueren a kascht 20€. Mir gi moies Äppel plécken a selwer Viz maachen. An da Mëttesstonn iesse mir zesummen, drénken en gudd Glas Viz a Mëttes hu mir dann och nach Programm. Viraussiichtlech starte mir den Dag zesummen um 7:30 um Parking bei der Gare oder bei der Eucosider, weider Informatioun krit dir vum Alex per SMS. Mellt iech w.e.g. bis den 02.10.2021 beim Alex iwwer SMS oder WhatsApp un. (691 177 773). De 16.10.2021 hunn mir Versammlung um 14.00 um Bierg, di Versammlung dauert e bëssche méi laang well mir um 15:30h  bei der Scouts-Mass matmaachen. Denkt alleguer drun di Autorisatioun vun ären Elteren (oder am beschten direkt är Elteren) matzebréngen (kuckt bei « Fir Iech alleguer »).

Fir d’Avex

Hey Avex , mir wäerten an den nächsten zwou Versammlungen den 02 an de 09 Oktober vu 14-16h eisen Design fir eis Pullovere finaliséieren. De Samschden 09.10 ass och nach moies Pabeiersammlung, fir déi di wëllen ass do Rdv um 8:30h bei der Eucosider. De 16.10.2021 hunn mir erëm normal Versammlung um 14.00 um Bierg, di Versammlung dauert e bëssche méi laang well mir um 15:30h  bei der Scouts-Mass matmaachen. Denkt alleguer drun di Autorisatioun vun ären Elteren (oder am beschten direkt är Elteren) matzebréngen (kuckt bei « Fir Iech alleguer »).

Fir d’CaraPio

Um Mëttwoch ass e Cowboy bis bei eise Chalet um Prënzebierg geridden. Zwee Deg dono ass en nees um Mëttwoch fort geridden. Wéi ass dat méiglech? Ween an eiser nächster Versammlung d’Äntwert weess gewënnt eng Kamell!

D’Léisung fir dat virescht Rätsel: (Kënnt dir dës Rechnung verbesseren, andeems der just ee Stréch dobäi molt? 5+5+5=550) Äntwert: 545+5=550

Eis nächst Versammlung ass Samschdes den 2. Oktober um Prënzebierg. Mir starten eis nei Entreprise „Experimenter“! Wann der Hëllef braucht fir ärt Material ze besuergen, mellt iech beim Gilles. Sammelt och w.e.g. Fuselen vun der Wäsch aus dem Trockner. Normalerweis geheit een déi ewech mä mir maache Feierstarter draus. Upcycling! Den 9. Oktober ass moies Pabeiersammlung, kuckt fir d’Detailer weider ënnen am Bréif. Den 9. Oktober nomëttes hu mer Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg. De 16. Oktober, um internationalen Dag vum Wierderbuch, ass eis Versammlung (weiblecht Substantiv, Pluriel Versammlungen) um 14:00 um Prënzebierg. Direkt am Uschloss huele mer um Franziskusfest Deel, den Detail dovir steet wieder uewen.

Fir d’RaRo

Di nächst 3 Samschdeger den 02, 09 an de 16ten Oktober hu mir Versammlung um Bierg. Den 09.10 ass moies Pabeiersammlung. De 16.10 hëllefe mer bei der Organisatioun vun der Franziskusmass mat.

Fir d’Albatrossen

Mir treffen eis den 22.10 um 20 Auer um Bierg fir d’Versammlung. Eisen Albacamp ass an der Period vum 02-17 Abrëll (Ouschtervakanz) zu Guadeloupe. Mellt iech bis den 22 Oktober un! Well da gi Flugtickete kaaft. Wann der nach Froen dozou hutt dann zéckt net d’Christelle ze froen.

Fir d’Chef

Den Mëttwoch 13.10 ass Grupperot um 20h.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 09 Oktober ass Pabeiersammlung. Rdv ass moies um 8:30 um ale Site Eucosider. Merci fir är Hëllef.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top