Infoziedel bis den 30 September

Fir Iech alleguer

(also fir Biber, Wëllefcher, Avex, CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef  a Guilde)

Dëst ass den éischten Ziedel fir dat neit Scoutsjoer. Mir freeën eis Iech alleguer erëm gesond an ausgerout no der Summervakanz ze gesinn.

Ufank dës Joers fanne wéi gewinnt d’Feierlechkeeten zur Liberatioun vu Péiteng statt. De genaue Programm vun de Manifestatiounen a Concerts kennt der um Site vun der Gemeng fannen (www.petange.lu ënnert der Rubrik Agenda). Hei elo just di Evenementer wou mir als Scouten deelhuelen. Wëll nach vill vun eis an der Vakanz sinn, ass et wichteg dat dir all kommt fir eise Grupp ze representéieren.

Samschdes den 9. September: Gedenkfeier beim Monument vun Hyman Josefson

R.d.v um 11:00 an Uniform um Square Hyman Josefson (beim Centre Wax). Do ass eng Gedenkfeier fir de gefaalenen Zaldot.

Sonndes , den 10 September: Gedenkfeier bei der Borne du Passeur

RDV um 10:15h an Uniform bei der Parkierch zu Péiteng. Mir gedenken do de Passeuren, dorënner vill Scouten, déi beim Versuch Mënschen aus dem besate Lëtzebuerg ze bréngen, verhaft an och ëmbruet gi sinn. Wëll mir do och d’Fändele vun deenen 2 Liguen ( Passeurs Filiéristes a Résistants Luxembourgeois) droen, ass et wierklech wichteg dat vill vun eise Memberen derbäi sinn! D’Zeremonie ass um 11h eriwwer.

Léiw Biber, Wëllef, Avex, CaraPio an Raro

No enger laanger Summerpaus ass et endlech esou weit. D’Versammlunge ginn erëm un ! Mir gesinn eis de Samschden 23ten September vu 14-16h* beim Chalet um Prënzebierg fir eis alleréischt Versammlung. (*RaRo: 16:15-18:15) Dëst ass och eng Schnupperversammlung fir all är Frënn déi schonn ëmmer an d’Scoute wollte kucke kommen , sech awer nach net getraut hunn. Bréngt ze einfach all mat, wat méi wat besser !!!

D‘ Biber, d’Avex, d‘CaraPio an d’Raro hun de Samschden drop den 30ten September och Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Bréngt do all di Frënn mat, déi den 23ten verpasst hunn.

Fir d’Biber

Fir all eis Versammlungen denkt drun dat mir wéi gewinnt all zesummen erop ginn. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13:45 ënnen bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108).

Fir d’Wëllefcher

Kleng Ukënnegung : den 30. September gi mir zesummen an den Parc Merveilleux ob Beetebuerg. Dës Versammlung geet vun 12h bis 16h. Mëttesiessen an Entrée offréiere mir. Fir dës Versammlung musst Dir Iech beim Alex (691 177 773) umellen (fir dass mir den Transport organiséiere kënnen, evt froe mir och ë puer Elteren ob si kéinten een Trajet maachen) Dono fänke mir erëm mat engem neie Komet un. Dat heescht mir hunn ë puer Versammlungen noeneen zum gläichen Thema. Loosst iech iwwerraschen.

Fir d’CaraPio

Fir all är Versammlungen an dem neie Scoutsjoer denkt drun iech beim Christophe unzemellen w.e.g !

Léiw CaraPio, RaRo, Albatrossen , Guilde an Matarbechter:

Samschdes den 16 September: D‘Kleedersammlung vum Kolpingswierk:

R.d.v wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Mir sammele Kleedersäck vu Péiteng a ginn op Déifferdeng auslueden.

Samschdes den 30 September: D‘Pabeiersammlung:

R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!

Léiw Chef

Mëttwochs den 20. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Samschdes de 23. September: Kongress um Kiem an der Stad an der Sportshal 

De Verbandskongress ass dëst Joerum Kiem an der Stad an der Sportshal (1A, rue Anne Beffort L-1273 Luxembourg). Aschreiwung ab 16h, Programm fänkt um 17h un. De genaue Programm fannt der am Kompass. . De Kongress ass just fir ernannte Chef/tainen.

Sonndes ,den 24. September : Chefdach um Kiem an der Stad an der Sportshal 

Um Chefdach geet et virun allem drëm sech ënner Chef ze treffen, sech auszetauschen, nei Iddie fir Aktivitéiten ze sammelen, gewuer ze gi wat am Joer vum Verband aus geplangt ass, an eng gutt Zäit mateneen ze verbréngen. Den Dach fänkt um 8:30 Auer un an dauert bis 16h. Wann dir nach Detailer noliese wëllt, da gitt op de Site vun de LGS an d’ Chefbox kucken oder am Kompass. Um Chefdach kann all Chef/taine matmaachen och wann hien/hat keng Ernennung huet.

D’Umeldung fir de Kongress an/oder fir de Chefdag ass individuell. Dat heescht all Chef/taine muss sech selwer iwwert d’Chefbox umellen. Wann dir Problemer mat ärem Login hutt da mellt Iech bei mir oder beim Claire Zwick fir ze kucken op är Daten am Membersfichier aktuell sinn.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top