Infoziedel bis den 20 Januar

Fir Iech alleguer

Léif Memberen haalt Iech schonn emol dëst Datumer op ärem Kalenner fräi:

Buergbrennen: Eist traditionellt Buergbrennen ass dëst Joer de Samschde 17 Februar. Detailer kommen an engem extraen Infoziedel no.

Theater: Eisen Theater am Home St. Hubert zu Péiteng fënnt dëst Joer Freides den 8 Mäerz a Samschdes de 9 Mäerz statt. D’Virbereedungen a Prouwe lafen awer schonn deelweis am Januar a Februar un, fir dat mer och prett sinn. Wei och dat lëscht Joer spille mir erëm ee grousst Stéck mat alle Branchen zesummen (vu Biber bis CaraPio). Dofir musse mir esou schnell wéi méiglech wëssen op dir matspille wëllt. Mir probéieren dëst Joer d’Prouwe méi kuerz ze halen an et wäerte warscheinlech 2 Prouwen d’Woch sinn. Dofir musst dir iech bis spéitstens den 20 Januar beim Alex (691 177 773) umellen a Bescheed soen ob dir beim Theater wëllt matspillen.

Fir d’Biber

Et geet erëm lass. Mir hoffen dir hat schéi Chrëschtdeeg a sidd gutt an dat neit Joer gestart. Den 13. an 20. Januar hu wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13.45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Dot iech waarm un ! Mir wäerte vill dobausse sinn, och wann et reent oder schneit. De ganze Wanter iwwer gëllt: falls Schnéi läit kennt dir e Schlitt matbréngen da fuere mir domat.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllef d‘Vakanz ass eriwwer a mir hoffen dir hutt iech gutt erholl. Déi nächst puer Wochen, ënner anerem den 13 Januar an 20 Januar, geet et bei eis em den Theater. Mir hu Versammlung vu 14h bis 16h um Prënzebierg.  Kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“, iwwerleet iech op der wëllt beim Theater matspillen a sot dem Alex Bescheed. Bis denne är Lieblingschef.

Fir d’Avex

Alles Guddes am Néie Joer!!!

 De Samschden den 13 ten Januar starte mir mat neiem Elan an dat néit Joer. Mir treffe mir eis dofir un 11-14 Auer bei dem Chalet fir eis mam Thema Outdoorkichen vertraut ze maachen. Kommt hongeresch an d’Versammlung, bréngt Iech Gamell mat an dot Iech dem Wieder no un.

De Samschden den 20ten Januar treffe mir eis um 9:30h ënne bei der Eucosider wou mir zesumme mat de Chef ob Monnerech (115 rue de Pontpierre) ob déi grouss Avex Süden Aktivitéit fueren. D’Chef’en bréngen d’Avex géint 14:30h rëm bei d’Elteren heem. D’Aktivitéit kascht 7 Euro ob de Kapp, dës Käschte ginn awer vum Grupp iwwerholl.( Merci Grupp? )

!W.e.g Mellt Iech fir dës Aktivitéit bis de 15.01. beim Fränz (00352691942484) un. ! Kuckt och bei „Fir Iech alleguer“ a sot dem Alex Bescheed op dir beim Theater matspillt.  

Lenks Patt

Fir d’CaraPio

De Samschden 13. Januar schaffe mer vu 14-16h wieder un eisem Schaaf a maachen en Tirang. De Samschden drop, den 20 Januar, fänke mer mat eisem Projet vum „Escape Chalet“ un. Mir treffen eis vu 14h-16h um Prënzebierg a plange Spiller fir dat Gruppen , déi an eise Chalet kommen, kënnen en Escape Game maachen. Kuckt och bei „Fir Iech alleguer“ a sot eis Bescheed op dir beim Theater matspillt.  

Fir d’RaRo

De Samschden 13 an 20 Januar hu mir normal Versammlung vu 16:15-18:15h. Eise RaRo-Albatross Weekend gëtt an de Mäerz verluet .

Fir d’Albatrossen

Léif Alba, mir treffen eis den 19ten Januar um 20h um Prënzebierg. Ditt Iech dem Wierder entspriechend un , mir sinn dobaussen. Eise RaRo-Albatross Weekend gëtt an de Mäerz verluet .

Fir d’Chef

Den Dënschden 23.01 ass Grupperot um 20h am Chalet. Mir kréie warscheinlech Besuch wëll mir um Chefdach esou e gutt Team ware ?

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

An bëssi méi wéi engem Joer ass et esou wäit , 2025 feiere mir Péitenger Guiden a Scouten eis 100-järegt Bestoen! Do solle mer natierlech geschwënn ufänke mat plangen. Fir Iddien ze sammelen an eis ze organiséiere lueden ech jiddwereen deen sech mat eisem Grupp verbonne fillt an, den Dënschden 9 Januar um 20h an de Chalet ze kommen.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top