Scoutsziedel

Wéi dir bestëmmt schons wesst, wiesslen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all  Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mecht de ganze Grupp e W.E.

Wou? De W.E ass um Kuelbicherhaff bei Huelmes.

Départ: Mir treffen eis e Samschdeg den 27.Oktober um 14°°Auer an Uniform zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Fir den Transport si mir op d’Hëllef vun den Elteren ugewisen.Et wir ganz léif wann e puer vun hinnen eis do kéinten hëllefen.

Fir d’CaraPio:Kommt e Samschden de moien fir 10°°Auer op Péiteng bei de Cactus

Mathuelen:, Täschelucht, Täschemesser, Wäschsaachen,Pyama, fresch Ennerwäsch,Gezei fir all Wieder (et soll waarm sin an eppes géint de Reen daachen), Schlofsack, deck Schung,déi ausgefëllten Fiche Médicale Fiche méd_Péit_, verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen

Wann dir Gezei hut waat een ka futti schneiden da brengt et w.e.g mat.

Fir d’AvEx, d’CaraPio/ Rover a Chef: CarryMatte net vergiessen.

Umellen : Fir dass mir wessen fir wifill Leit mir kache sollen ass et wichteg dass ir Iech fir un e Freideg umellt, (och d’Chef) beim Lena Brosius um 621765259 no 18°°, dir kennt och eng SMS schreiwen.Merci !

Preis: De W.E kascht 20 Euro fir den éllsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g op der Plaatz.

Retour: De W.E ass Sonndes um 16°° um Kuelbicherhaff eriwer.

 

De Samschdeg, den 10.November huet all Branche wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.(Fir d’RaRo vun 16°°-18°°)

 

Fir all d’Matarbechter, Cara Pio, Chef, an d’RaRo:

E Samschdeg den 10. November ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!

Fir d’Chef:

En Donneschdeg den 15. November ass Grupperot um 20°° um Bierg.

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top