Aktivitéiten vu Mäerz bis Juli 2025

Buergbrennen

Samschdes den 8. Mäerz 2025 um 18h30 beim Chalet um Prënzebierg

Vun 9h00 un gëtt un der Buerg geschafft. Wien schonns wëllt viru Mëtteg hëllefen ka kommen, kritt Mëttes eppes ze Iessen.

Scoutstheater

  • am Home: Freides a Samschdes 14. – 15. Mäerz 2025, 19h30.
  • D’Guilde mécht wéi all Joers d’Tombola. Wien nach eppes fir Tombola wëllt stëften, respektiv owes hëllefen, kann sech beim Marianne Glod-Brosius GSM: 691 910 294 mellen !

Generalversammlung

am Chalet: Freides den 25. Abrëll 2025, owes um 19h00, Invitatioun mat Detailer kritt dir Ugangs Abrëll!

Séance academique fir d’100 Joer vum LGS-Grupp Hëllge Franz vun Assisi

Am Home, den Samschden, 7. Juni 20125 vun 13h15 un. Dir sidd all invitéiert !

Et gëtt nach gebraucht:

  • Fotoen oder Géigestänn déi eppes matt de Péitenger Guiden a Scouten ze dinn hunn, besonnesch aus der Zäit 1970 – 1990! Wien där nach huet soll sech bei Arny Martin GSM: 621 784 541 mellen. D’Annemie Lippert an hien maachen eng Ausstellung déi dee Moment am Home gewise gëtt.
  • Hëllef um 7. Juni selwer! Vu 15h00 un maache mir Spiller am Park a zerwéieren Iessen a Gedrénks beim Stadhaus. Hei brauche mir nach Ënnerstëtzung, och schonns virdrun fir Preparatiounen a mueres fir d’Opzeriichten rep. d’Ofriichten. Vun elo un kann een sech beim Claire Dording mellen, GSM:  621 683 999 !

100 Joer-Camp um Kuelbecherhaff

  • 12.07.2025 Samschdes, Opriichte vum Camp, bis 28.07.2025 Juli Sonndes Ofriichten vum Camp
  • 17.07.2025 Donneschdes kommen d’Avex, duerno kommen Wiwel an d’ Biber;
  • 21.07.2025 Méindes, Grillowend vun der Guilde um Kuelbecherhaff ab 17h00, kuckt hei hannen drun !
  • 26.07.2025 Campschluss fir d’Kanner (ass nach net fest);

Grillowend vun der Guilde

Ass den Méinden, 21. Juli 2025 ab 17h00 um Kuelbecherhaff am Kader vum 100 Joer-Camp vum Grupp.

Halt Iech deen Datum fräi, Detailer kommen no!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top