Scoutsziedel

 

Fir all d’ Biber:

Mir hun déi zwee nächst Samschdeger den 13. An den 20. Abrëll  vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Didd iech dem Wieder no un, mir sin dobaussen.

Fir all d’Wëllefcher:

+++TOP SECRET+++TOP SECRET+++TOP SECRET+++TOP SECRET+++TOP SECRET+++

Den 13ten an 14ten Abrëll gin mir ob den Wellefchersweekend op Bilsdorf.
Treffpunkt: Zu Peiteng beim Aalen Pompjeebaus um Parking.
Auerzeit: Moies um 09:00
Fir den Transport as gesuergt, d‘Chef si mat genuch Autoen do. Wann e puer Elteren bereed sin awer matzefueren wär daat ganz léif.

De Weekend/ Ausbildung dauert bis Sonndes 15h00, dann kennen d’Elteren hier Kanner zu Bilsdorf beim Chalet erem oofhuelen.
Zou ärer geheimer Ausrüstung gehéiren:
Täschenluut/Täschenmesser/Bidon/Wäschsaachen/Schloofsack/Kleeder fir bannen an baussen/Flies/Reenjacket/Klengen Rucksack/Schlappen/Fiche Medicale =>Fiche méd_Péit_/ Teddy/Kichenduch
Den Weekend kascht 25 Euro fir daat éischt Kand an 20 fir daat zweet(Gëtt op der Platz bezuelt).
+++Opgepasst desen Message zersteiert sech noom liesen vum selwen.+++

Samschdes den 20.Abrëll hu mir vu 14°°-16°°Auer Versammlung um Bierg.

Fir all d’ AvEx:

Mir hun déi zwee nächst Samschdeger den 13. An den 20. Abrëll  vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Brengt super-cool Ideen fir eis nächst Entreprise mat.

Fir all d’CaraPio:

Versammlungen a Pobeiersammlung:
Weinst der Jocapi as den 13. keng Versammlung. Dei nächst Versammlung ass den 20 Abrëll um Bierg. Den 20. ass och Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi emmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.
Jocapi 14. Abrëll 2013

Treffpunkt ass um 7h30 zu Peiteng ob der Gare, maer werten speitstens um 18h45 rem zereck sin. => denkt un aer Jumbokaart oder Billet.

D’Jocapi ass dest Joer an der Staat, folgendes sollt daer mathuelen: Gamelle & Becher, Uniform & Foulard, Täscheluucht !!!, Fest Schong, Kleeder fir bei all Wieder (fir Erkaaltener och roueg méi waarm), Bidon

Iron Scout 26-28 Abrëll 2013
Den Weekend kascht 30Euro an desem Preis ass Schlofen, Iessen, den Badge an d’Bloderen mat dran. Umellen per Iwerweisung vun engem Accompte vun 15EUR ob den Kompte vun LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mat dem Vermiek IronScout + ären Numm
Och dest Joer sammelen maer Suen fir en gudden Zweck, sammelt alt schon fleisseg Sponsoren Click hei w.e.g =>Iron Scout Sponsors
Camp 2013 News zum Camp fannt dir hei => CaraPio Info Camp

Fir all d’RaRo:

Mir hun déi zwee nächst Samschdeger den 13. An den 20. Abrëll  vun 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 20.04 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross

Fir all d’Chef:

En Donneschden den 11.04 ass Grupperot um 20°° um Bierg.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

Den 20.04 ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Du wees jo, mir brauchen DECH.  Villmols Merci fir all Hëllef.

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top