Léif CaraPio,
RDV fir eisen Départ fir den UK’AN ass Freides den 19. Juli um 19:30 um P&R Howald. Dot ären Foulard an Uniform un. Op der Plaz ginn d’Paperasse gekuckt, et gëtt e Bännchen un äre Rucksak gemaach an d’Busse gi gelueden. Eise Grupp vu Suessem/Péiteng fiert um 20:30 am Bus mat de Gruppe vun Belvaux, Bonnevoie, Lorentzweiler a Wormeldange fort. Mir kommen um 8 Auer un.
Mir sinn den 31. Juli um 10:00 moies nees um P&R Howald.
Klenge Rucksak (mat an de Bus huelen):
- Carte d’identité oder Pass
- Krankekeeskaart
- Impfkaart
- Picnic a Gedrénks fir ënnerwee a Moiesiessen
- Portemonnaie: Euro (Campplaz) an Englesch Pond (Ausflig)
Grousse Rucksak (virum Alueden um P&R e Bännche froen)
- 1 al Porzeläinstaass (fir eng Aktivitéit)
- Schaffhändschen
- Maillot/Schwammbox
- Schwammbrëll
- Buedduch
- Sporstkleeder
- Sportsschung
- Kleeder déi kënne naas gin
- Wasser- oder Turnschlappen (di een net den Dag dono brauch)
- Klammschong (wann een der huet) soss Biergschung
- WANDERschung
- Kleeder fier all Wieder
- Eppes fir op de Kapp
- 3 Kichendicher
- Gamelle
- Besteck
- Becher
- Bic
- Block
- Täscheluucht
- Täschemesser (duerf am Bus net an de klenge Rucksak)
- Wäschtrousse
- Sonnecrème (Schutzfaktor 50+)
- Perséinlech Medikamenter
- Schlofsak
- Carrymatt
- Bidon
- wat der soss mat op e Camp huelt (z.B. e Buch)
En Handy kann nëmme virum Hike opgeluede ginn. Fir de Rescht vum Camp ass et net méiglech en Handy op ze lueden. Alkohol an Droge si verbueden um Trajet a während dem Camp.
Sidd der fuerweltzeg? Besicht lgs.lu/ukan!