Läschte Scoutsziedel fir d’Joer 2013

Foto: bayasaa
Foto: bayasaa

Infoblaat vun de Péitenger Guiden a Scouten

Fir iech alleguer:

1)Friddensliicht

Samschdes, den 21. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen. No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht.

Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform firun der Kiirch. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom!

2)Rappel Cotisatiounen:

E puer Leit hun d’Cotasatioun nach net bezuelt. Macht daat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sin! Den eelsten aus der Famill bezillt 14 Euro, déi aner bezueln 11 Euro.Iwerweist d’Suen w.e.g fir um 15. Dezember, op de Konto vun eisem Grupp =>LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng => BCEE  IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Dest ass den läschten Ziedel fir dest Joer, duefir profitéiren ech vun der Geleegenheet, fir jidferengem fir seng Mathellef , a sein Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen.

D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéin Kreschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2014 .

Fir all d’Biber:

Léif Biber gleich ass dest Joer eriwer, awer bis do hin bleiwt eis nach e besse Zeit fir zesummen daat aalt Joer ze genéissen kommt duefir de 7. an de 14. Dezember vu 14°°-16°° op de Prenzebierg et wärt iech gefaale!Brengt fir de 14. e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 5 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. D’Versammlung dauert wéi ëmmer bis 16°° Auer. Liest och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Wellefcher:

Salut Wëllef, Samschdes de 7.12 hu mir vu 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Samschdes den 14.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 5 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen.Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Liest och bei: Fir iech alleguer.                      

Fir all d’AvEx:

Hallo AvEx, Samschdes de 7.12 hu mir vu 14°°-16°° Versammlung um Bierg.Samschdes den 14.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 5 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen.Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all CaraPio:

7. 12: 8.30 Auer Pabeiersammlung an „normal“-Versammlung vun 14°°-16°°Auer . Brengt äer Kreativiteit matJ. 14. 12: 14°° Auer  r.d.v. bei der Kirch zu Peiteng. Mir riichten d‘Krëppchen op. Uschliessend maache mier eng kleng Chrëschtfeier. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all d’RaRo:

7.12: D‘Joer 2013 kennt sou lues zu Enn, an d‘ Montée kennt emmer mei no.Fier d‘éischt hun mier awer eng Fiestaaaa vu 16°°-18°°kommt also motiveiert da gëtt nach méi flott J. Moies ziele mir op iech bei der Pobeiersammlung. Den 14. 12 ass eis läscht Versammlung fier 2013.oooh … Mee net traureg sin, de 21. – 22. 12 ass eis RaRomontee. R.d.v. um 10h um Prenzebierg. Schluss : Open End mee +/- 17h fier die die eng Auerzait brauchen. Mellt iech all bis den 14. 12 beim Kim, um 621197160 un .Liest och bei: Fir iech alleguer.

Neies vun der Guilde : E Sonndeg, den 15. Dezember  ass Sortie op Stengefort. Rendez-vous um 13 Auer 30 op der Maartplaz zu Péiteng mam Privatauto.Samschdeg, den 28. Dezember  ass Chrëschtuucht mat uschléissender Träipefries: Rendezvous um 19 Auer am Chalet um Prënzebierg. Umeldung beim Martine Schlottert Gsm 621 414 040 bis den 23. Dezember 12 Auer

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:  Samschdes de 7.Dezember an de 4.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI. Liest och bei: Fir iech alleguer.                          

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top