Scoutsziedel bis den 18. Januar

Fir iech alleguer:

Internetsite: Eisen Internetsite huet en neie Look kritt, surft einfach emol laanscht => www.lgspeiteng.com

200px-At_Sign_Nimbus.svgBréif per E-Mail: Dir kennt de Bréif och per E-Mail gescheckt kréien a net méi mat der Post. Daat spuert dem Grupp Suen an dem Bréiwerfaalert (also mir J)Zeit. Wann dir de Bréif nach just per Mail wellt kréien da macht mir w.e.g eng E-Mail => gzoller@base.be villmols Merci!

Theater: Den 7. an den 8. Februar spillt eise ganze Grupp zou Péiteng am Home Theater. Rido ass all Kéier um 19°° Auer. Fir unzefänken spillt all Branche ee selwer geschriwend Stëck, duerno spillen d’Chef an d’Matarbechter e leschtegen Dreiakter. Détailer kommen am nächste Bréif.

Allerläschten läschten Rappel: Bezuelt w.e.g är Cotisatioun!

Fir all d’Biber:

Hallo Biber, hoffentlech hudd dir gudd an daat neit Joer gestart. Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 11. an den 18. Januar wéi gewinnt vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, hoffentlech hut dir iech gudd an der Vakanz erholl, well mir gi Vollgas an de Versammlungen. Bass de bereed? Da komm den 11. an den 18. Januar vu 14°°-16°° op de Prënzebierg.

Wann Schnéi ging leie, wir et gudd wanns du de Schlitt gings matbrengen. Wann et iwer 25 Grad ginge gin da vergiess d’Sonnecrème net.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 11. an den 18. Januar wéi gewinnt vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Et ass wichteg dass DU do bass, well mir verdeelen d’Rolle fir den Theater.

Fir all d’CaraPio:

photo
Foto: Gilles Glod

Salut léif CaraPio, den 11. Januar hu mir vu 14°°-16°° Auer eng monströs Versammlung um Prënzebierg. Den 18.Januar riichte mir zu Péiteng an der Kiirch d’Krëppchen of. R.d.v ass um 14°° Auer bei der Kierch.

 Fir all d’RaRo

SalutRaRo, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 11. an den 18. Januar wéi gewinnt vu 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Eis Spiller-Challenge geet och am neie Joer weider. Dir wesst jo => neit Joer => nei Energie

Neies vun der Guilde:     

Donneschden, den 9. Januar 2014 ass Keelenowend Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Samschdeg, den 25. Januar 2014 ass Sortie. Rendezvous um 10 Auer zu Rolleng beim Titus Terrain. De Fousstour ass ongeféier 6 km laang. Mëttegiessen ass um Rollenger Weier. Menü: Ham, Fritten an Zalot fir 15 Euro. Umeldung bis spéitstens e Méindeg, den 20. Januar beim Carlo Peiffer Tel: 50 21 03.

Fir all d’Chef: 

E Mëttwoch, den 22. Januar ass Grupperot um 20°° beim Guy doheem.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef: 

Hei d’Pobeiersammlungen fir daat ganzt Joer: 01.02/ 01.03/ 05.04/ 03.05/ 07.06/ 05.07/ 16.08/ 13.09/ 11.10/ 15.11/ 13.12

no images were found

Foto: Lukas Viol

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top