Jamboree 2011

Läschte Ziedel fir dest Scoutsjoer

 1) Fir Iech alleguer:

Dest ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer, duefir ass et och een extra groussen.

Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp an eng schéi Vakanz!

Den 12.7 ass keng Versammlung d’Chef,d‘Guilde an d‘Matarbechter organiséiren d’Spiller um Schoulfest zu Rodange, mir hoffen iech do ze gesinn.

2) Fir all d’Biber:

Salut mir hun e Samschden, de 05. Juli gewinnt vu 14°° bis 16°° um Bierg. Freet iech elo schons op Spaass a Spannung. Den 5.Juli ass vu 16°°-17 Auer Eltreversammlung um Bierg wou mir zesumme mat ären Elteren iwer de Camp an iwer d’Biber am allgemenge schwätzen. Daat ass déi läscht Versammlung fir dest Joer, hoffe mir gesin eis den 12.7 zu Rodange um Schoulfest.

Et dauert guer net méi laang da gi mir op de Camp. Hei d’Détailer vum Camp:

Vum 18.(Freides) bis den 20.Juli (Sonndes) gi mir op de Camp op Réiser an de Scoutschalet.

Départ: Mir treffen eis um 16°° zu Réiser am Chalet. De Scoutschalet ass niewend der Gemeng

Matbrengen : Kuckt beim Punkt 5) et ass fir d’Biber an d’Wëllef daat selwecht.

Ausser: Dir braucht keng Carrymatt oder Loftmatratz.

Retour:Mir invitéiren d’Elteren fir den 20.7 um 12°° op d’Plaatz ze kommen. Mir wollten zesummen iessen, brengt w.e.g eppes mat fir op de Grill (fir jidfereen den dir matbrengt, fir d’Biber ass gesuergt), Zaloten a Gedrenks sin do J.De Camp ass géint 14°° eriwer.

Umellen:Mellt iech w.e.g bis den 12.07 beim beim Claire Tel.: 691309108. (no 18°°) un.

Camppreis: De Camp vun de Biber kascht 40 Euro

3) Fir all d’Wellefcher:

Salut, mir hun e Samschden, de 05. Juli vu 14°°-17°° Versammlung um Bierg. Mir dréinen e klenge Film.

Brengt dofir är Uniform an ären Foulard mat,wann dir ausserdeem eng Sportstenue, Trickot, Trickotsbox, Fussballstremp, Fussballschung, Stirnband oder ähnleches hudd, kennt dir daat gäre matbrengen. Sportarten dei am Film virkommen sin: Tennis, Basket, an Fussball. Daat ass déi läscht Versammlung fir dest Joer, hoffe mir gesin eis den 12.7 zu Rodange um Schoulfest.

Et dauert guer net méi laang da gi mir op de Camp. Hei d’Détailer vum Camp:

Vum 19.(Samschdes) bis den 27.Juli (Sonndes) gi mir op de Camp op Suessem (Home Luss Collini)

Ufank: De Camp fänkt Samschdes um 14°° un. Et wier super léif wann d’Elteren iech op d’Platz kéinte brengen. Falls dat bei verschiddenen net geet as awer keen Problem iech sichen ze kommen soot just dem Alex um 691 177 773 Bescheed.

Matbrengen : Kuckt beim Punkt 5) et ass fir d’Biber an d’Wëllef daat selwecht.

Vergiesst ärt Pistebichelchen net, a brengt een Leinduch, mindestens 90 cm x 1,5m  fir ze bastle mat.

Retour: Sonndes mettes as den Camping um 14h00 eriwer. Mir invitieren all Elteren fir mettes ab 11h30 mat eis ze grillen, dofir brengt brengt w.e.g eppes mat fir op de Grill (fir jidfereen den dir matbrengt, fir d’Wëllef ass gesuergt)mir suergen fir Zaloten an Gedrenks.

Umellen: Mellt iech w.e.g bis den 12.07 beim Alex Tel.: 691 177 773 un.

Camppreis: De Camp vun de Wëllef kascht 150 Euro (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)

 

4) Fir all d’AvEx:

Mir hun e Samschden, de 05. Juli Versammlung mat den Käerjenger AvEx zesummen fir eis op den nationalen Camp virzebereeden. Dofir treffen mir eis vun 14:30 bis 17:00 zu Kënzeg beim Scoutschalet. Deen ass vis-a-vis vum Fussballsterrain bei der Spillplaz. Et fir super wann är Elteren iech kéinten dohinner bréngen. Falls dat net geet, sot der dem Fredi, um 621 47 25 10, bis Freides. Daat ass déi läscht Versammlung fir dest Joer, hoffe mir gesin eis den 12.7 zu Rodange um Schoulfest.

Duerno dauert et guer net méi laang da gi mir op de Camp.

Vum 23.(Mettwochs) bis den 2.August(Samschdes) gi mir op de Nationalecamp op Leideleng

De Camp kascht am ganzen 210 €. Iwerweist d’Suen esou séier wéi méiglech op de Compte vun eisem Grupp. BCEE Franz vun Assisi Péiteng IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Numm vun Ärem Kand a mam Vermierk : AvEx Camp. D‘ Avex, déi schon 50 € Acompte bezuelt hunn, mussen nemmen 160 € op de Kapp iwerwisen ginn. Leider hun mir nach net all d’Détailer vum Camp. Esoubal mir méi wëssen, setze mir des Infoen de Site:

 

5) Waat d’Biber an d’Wëllef alles esou brauchen fir op de Camp:

Matbrengen :

* Eng Kopie vun der Impfkaart * Kopie vun der Carte d’Idendité, d’Fiche médicale  F09A_fiche_medicale_enner_18_joer (1)*Wäschsaachen:Zännbiischt,Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch,eng Biicht

*Schwammsaachen: e grousst Duch, e Maillot/uleiend Schwammbox/Schwammkaap/ wa néideg Ärmecher

*Ee Schlofsaack*Carrymatt oder Loftmatratz *evt. een Kappkessen an e Petzi* zwee Kichendicher *ee klenge Rucksack * een Bidon *eppes fir ze liesen fir an der Freizeit oder ee Kaartespill *e Stoffene Saack fir déi knaschteg Kleeder *frësch Ennerwäsch an Strëmp fir all Daag *eng gudd Reejaket (net onbedingt eng schéin awer eng déi gudd géint de Reen ass !!!)* dëck Schung ,Turnschlappen*Gezei fir all Wieder an dees waat kann knaschteg gin *eng Kaap an eng Mutz (owes kann et kaal gin)*Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)* Spray géint Zecken a Moussetiken* een Täschmesser* eng Täschelucht * a Schlappen

Verpaackt alles an engem Rucksaak. Et ass wichteg dass är Saachen gezeechend sin!

Gitt d’Kopie vun der Impfkaart,eng Kopie vun der Carte d’idendité , d’Fiche an d’Suen op der Plaatz of.

Net matbrengen: Wertsaachen, Handy, Gameboy , Täschegeld an Séissegkeeten.

 

 

6) Fir all d’CaraPio:

05.07: Moies Pabeiersammlung r.d.v um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss Nomettes:Versammlung vu 14°°-16°° um Bierg, mir machen een geheime Grafitti an Origami

Sonndes 06.07: Mir fueren op Beetebuerg an d’Pflegeheem do ass Wisefest a mir suergen zesumme mat de RaRo an de Chef fir Animatioun. Fir Détailer an aner wichteg Infoen=> Lies beim Punkt 8!

12.07:Mir gi Kanu fueren J. Mir treffen eis um 8°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau: Matbrengen 5 Euro, Piqunique, Schwammsachen an een T-Shirt fir an d’Waasser. Géint 15°° Auer si mir nees zereck Mellt iech bis de 5.07 beim Gilles un. Wann dir net ze midd sidd kennt dir gären op Rodange op d’Schoulfest hellefe kommen Lies beim Punkt 8!

14.07: Mir hellefen beim Schoulfest zu Péiteng Fir Détailer an aner wichteg Infoen=> Lies beim Punkt 8!

De Gilles gett dene Leit wou mat op de Camp gin all Détailer

7) Fir all d’RaRo:

Mir hun e Samschden, de 05. Juli déi läscht Versammlung fir dest Scoutsjoer. Mir gesinn eis wéi gewinnt vu 16°° bis 18°° um Bierg. Moies ass Pobeiersammlung. D’Kim an de Yannick deelen iech d’Détailer vum Camp an der nächster Versammlung mat.

Wou eis Hëllef nach gebraucht gëtt => Lies beim Punkt 8!

8) Fir all d’CaraPio/ d’RaRo/d’Cheféquipe/ d’Guilde an d’Matarbechter

Samschdes de 5.07: Pabeiersammlung. R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. MERCI!

Sonnden de 6.07: Mir fueren op Beetebuerg an d’Pflegeheem do ass Wisefest, mir suergen do fir Animatioun fir d’Kanner vum Personal. Et ass wichteg dass mir zu fill do untrieden, eise Grupp kritt Suen duefir, an ausserdem ass d‘Mettegiesse gratis. Mir treffen eis an Uniform um 10.30 Auer zu Péiteng op der Gare den Zuch fiirt um 10.44 Auer. Mir sin owes géint 18.30 Auer nees zereck. WICHTEG soot dem Guy Tel.:691435358 onbebingt esou séier wéi méigleg Bescheed (uruffen oder SMS) wann dir matgidd. Mir brauche vill Leit déi matmachen…

Samschdes de 12.07: Schoulfest zu Rodange beim Fussballsterrain:Mir treffen eis an Uniform um 11.30 Auer op der Platz. Mir kréien och do z’iessen. WICHTEG soot dem Guy Tel.:691435358 onbebingt esou séier wéi méigleg Bescheed (uruffen oder SMS) wann dir matgidd. Mir brauche vill Leit déi matmachen…. Daat ganzt dauert bis +/-17°°

Méindes de 14.07: Schoulfest zu Péiteng bei de Eigendschoul:Mir treffen eis an Uniform um 15.30 Auer op der Platz. WICHTEG soot dem Gilles M. Tel.:621688422 onbebingt esou séier wéi méigleg Bescheed (uruffen oder SMS) wann dir matgidd. Mir brauche vill Leit déi matmachen…. Daat ganzt dauert bis +/-18°°

Samschdes de 16.08: Pobeiersammlung. R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sin ass et extra wichteg dass jidferee wou kann och do ass. MERCI!

 

9) Neies vun der Guilde:

Wou eis Hëllef nach gebraucht gëtt=> Lies beim Punkt 8!

Sonndes de, 6 Juli fuere mir op d’Wisefest vum Pflegeheem zu Beetebuerg

Méindeg, den 4. August ass Comité R.d.v. um 20.00 Auer am Home zu Péiteng

Samschdeg, den 9. August Sortie op de Kuelbécherhaff bei Huelmes Rdv vun 10°°, brengt w.e.g ärt iessen a Gedrenks mat, de Grill steet prett.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top