Programm vun der Guilde Januar bis Februar

Sam. 17.01.: Pabeiersammlung

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss. [Org. Grupp]

Son. 18.01.: Sortie op Esch/Uelzecht.

Rendezvous um 9:30h zu Péiteng op der Maartplaz oder um 10:00h zu Esch op der Brillplaz beim Theater. Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen.

A. « Promenade architecturale » vun 2 Stonnen duerch Esch mat séngen herrleche Façaden am « Art déco » mat engem lokale Guide. Präis: ~ 5,00€/Kapp, je no Intressentenzuel.

B. 12:30h: Mëttegiessen am Restaurant La Storia, 6, rue du Commerce. Menü « à la carte ».

Umeldung bis de 14.01. beim Carlo Peiffer, Tel. 50 21 03 oder Mail guilde-p etange @pt.lu

C. 15:00h: Visite vun der Ausstellung « Traqué, caché – Quatre mois au Bunker Eisekaul » am Resistenzmusée ënnert der Leedung vum Théo Jacoby, ale Scout vun Esch, ee vun den 2 läschten Refractairen aus dem Bunker Eisekaul.

Don. 29.01.: Keelenowend am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

Frei. 06.02.: Scoutstheater

Sam. 07.02.: D’Guilde bekëmmert sech, sou wéi d’läscht Joer, ëm d’Tombola. Cadeaue kënne bei de Comitésmembren ofgi ginn bis Donneschdes 05.02. [Org. Grupp]

Mon. 09.02.: Comité um 20:00h am Home.

Sam. 14.02.: Pabeiersammlung. Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss. [Org. Grupp]

Sam. 21.02.: Buergbrennen

Och heibei gëtt d’Mataarbecht vun der Guilde, sou wéi all Joer, staark begréisst. [Org. Grupp]

Don. 26.02.: Keelenowend am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top