Scoutsziedel bis den 28. Februar

 

 Invitatioun:

Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 21. Februar. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang.

Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen, de Grill steet schons prett.

 

Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu SAMEDI le 21 février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Fir Iech alleguer:

Eisen Theater war en vollen Erfolleg. D’Stëcker vun de Branchen an daat grousst Stëck sin gudd ukomm. Alles huet tiptop geklappt. MERCI fir DEIN Asatz egal op, op der Bühn oder soss iergendwou et war eng schéin Zesummenarchet wou een op den aneren zielen konnt, SUPER!

Fir all d’Biber:

Nächste Samschdeg de 14. Februar ass KENG Versammlung. Samschdes den 21.Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer ). Sameschdes den 28.02 hu mir wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Fir op de Kalenner: Mir machen e W.E vum 21-22 März. Détailer kommen no.

Fir all d’Wellefcher:

Nächste Samschdeg de 14. Februar ass KENG Versammlung. Samschdes den 21.Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer ). Sameschdes den 28.02 hu mir wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Fir op de Kalenner:Eise Summercamp ass vum 19.bis de 26.Juli.

Fir all d’AvEx:

Nächste Samschdeg de 14. Februar ass KENG Versammlung. Samschdes den 21.Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer ). Sameschdes den 28.02 hu mir wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Fir op de Kalenner: Mir hunn en Weekend vum 6.03 – 08.03 zu Kenzeg. Umellen kennt der Ierch beim Fredi um 621 47 25 10. Detailer kommrn no
Fir all d’CaraPio:

Léif CaraPio,Är Chef si stolz op är Leeschtung beim Theater. Dir wart super! Nächste Samschdeg de 14. Februar ass KENG Versammlung awer et ass Pabeiersammlung. Winst der Pabeiersammlung an dem Buergbrennen liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef! De Samgden, 28. Februar gi mer vu 14-17 Auer, also eng Stonn méi laang, op de Prënzebierg a Giele Botter no Geocache vum Scoutsgesetz sichen. Ditt iech dem Wieder no un!

Fir all d’RaRo:

Salut dier lèif RaRo, Merci fier äert Engagement beim Theâter.Den 14. Febuar hun mier Moies Pabeiersammlung, dono Iessen mier zesummen ( brengt Suen mat) an schaffen um Bierg fier dass d’Platz wou d’Buerg gebrannt gëtt tip top ass. Den 28. Febuar raumen mier d‘Räschter vun der Buerg an dono ass Fiesta J Didd ierch dem Wieder no un an fier ze schaffen.

Winst der Pobeiersammlung an dem Buergbrennen liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef!

Fir all d’Matarbecher, d’Guilde, d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

E Samschden den 14. Febuar ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Hoffentlech kenns DU eis hëllefen! Elo schons en dëcke MERCI! Méindes den 16.Februar gi mir Fäsche machen. R.d.v ass um 9°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Samschdes den 21.Februar richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet.

Fir all d’Chef:

De Grupperot ass en Denschdeg den 10.Februar 20°° beim Guy.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top