Amerikanesch Scouten an hir Kontrovers ëm homosexuell Chef

Op Infinitely Wild / Gizmodo gouf viru kuerzem en Artikel verëffentlecht deen sech d’Kontrovers ëm homosexuell Scoutschef an den USA  ukuckt. Et geet dorëm, dass homosexuell Scouten säit 2013 eréischt iwwerhapt dierfe Member an de Boy Scouts of America  sinn, mä wa se bis volljähreg sinn an hirem System no Chef géife ginn, gi se wéinst hirer sexueller Orientéierung eraus geheit. Den Artikel ass op Englesch, ech hu just hei en Stéck iwwersat wou d Journalist de Bear Grylls, den Chief Scout an England, gefrot huet wat hie vun dem Thema hält:

D’Leit soen, « Oh, de Baden-Powell géif d’Scouten haut net méi erëm erkennen. » Mä ech mengen hie wier stolz doriwwer. Hie sot ëmmer dass een ni stoe bleiwe kann, das een sech ëmmer weider entwéckelen a viru goe muss. D’Scoute solle progressiv sinn a sech adaptéieren. Obs de homosexuell bass oder net ass irrelevant, de Scoutismus schätzt de Respekt.
Jo, d’Boy Scouts of America sollten et definitiv erlaben homosexuelle Memberen Chef ze ginn, an ech mengen dass et si wierklech wäert zeréck hale wann se et net maachen.

De ganzen Artikel kënnt der hei liesen: Infinitely Wild.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top