Mat Schokola an Cola Feier maachen

Foto: Wildwood Survival

Wann et haart op haart kënnt, muss een alt mat deem Feier maachen wou een zu Hand huet. Den MacGyver géif et mat enger Bürosklamer an engem Stéck Knätsch ronbréngen. Sou gudd kréie mer dat net grad hin, mee dat hei as och schon net schlecht.

Den Buedem vun enger Limonadsbécks huet grad déi richteg Form fir als Parabolspigel duerzehalen. Duerch d’Form gin Sonnestrahlen op ee Punkt konzentréiert. Wann een dann en Stéck Pabeier, oder nach besser Zunder un der richteger Distanz zur Béchs hält kann een domat e Feier ufänken. D’Iddi as fir den Schokola als Reiwmëttel ze gebrauchen, dat d’Béchs glaat poléiert.

Fir d’éischt schmiert een Schokola op d’Béchs, dann reiwt een mam Pabeier vum Schokola iwwer d’Béchs. Déi ganz Prozedur kann gären eng hallef Stonn oder eng Stonn daueren! Wann ee renge Piwel oder eppes ähnleches huet fir den Buedem vun der Béchs ze poléieren geet et natierlech e bësse méi séier. Amplatz vun Schokla kann een z.B. och ganz gudd Zahnpasta gebrauchen. Duerno muss déi matt Iwwerfläch vum Buedem komplett blénkeg sin, wéi e Spigel!

Ech hun den Trick selwer nach net probéiert. Setzt ierch doheem eemol derhannert (am beschten mat Erlabnis vun ären Elteren wann der nach méi jonk sitt), probéiert dat emol aus a sot eis an den Kommentarer ob et geklappt huet! Denkt w.e.g. och drunn dass wéinst dem Aluminium deen ofreiwt den Schokola dono net méi sollt giess gin.

[Den original Artikel, op Englesch, fannt der op wildwoodsurvival.com.]

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top