Scoutsziedel bis den 11. Juli 2010

Fir all déi wou mat op den „Mini Interville“ waren:
De Buergermeeschter an de Schäfferot wëllen Iech Merci soen, wëll dir Péiteng esou gutt vertrueden hutt, duerfir invitéieren si iech e Mëttwoch den 30.6 op eng kleng Feier. Kommt alleguer an Uniform (och d’Chef déi mat waren) fir 17.50 Auer fir un de Centre Culturel a Rousen (Maartplaz); et dauert bis 19:30 Auer.
Fir all d’Wëllefcher:
Mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 3. an den 10. Juli all Kéier vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Den 3. prouwen mir eist Zirkusopféierung, bréngt all är Verkleedungen mat.  Fir d’Elteren: Kommt alleguer den 10. Juli um 15:00 op de Bierg an den Zirkus! Ausserdeem kritt dir och wichteg Informatiounen fir de Camp.
Fir all d’ AvEx:
Samschdes den 3. an den 10. Juli ass all Kéier  Versammlung vun 14:00 bis 16:00 um Bierg. Et ass wichteg dass jiddereen den mat op den Camping geet do ass, well mir fänken un eis Wikingerverkleedung ze maachen. Detailer zum Camping kommen no.
Un d’Elteren vun den Avex:
Et misst lo nach de Rescht vum Camp bezuelt ginn, dat wären 130 € op de Kapp. Iwwerweist déi Suen w.e.g. op de Compte Peitenger Guiden a Scouten: BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk : Avex Camp 2010 mat Numm an Virnumm.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 3. Juli ass Versammlung vun 14:00 bis 16:00 um Bierg. Moies ass  Pobeiersammlung, kommt zu fill mir brauchen iech. Merci!
Sonndes den 11. Juli hu mir nach eng Kéier een LARP treffen, R.D.V. ass um 13:00 beim ale Pompjeesbau; um 17:00 si mir zeréck. Et misst lo nach de Rescht vum Camp bezuelt gin, daat wären 220 € op de Kapp. Iwwerweist dei Suen w.e.g. op de Compte Peitenger Guiden a Scouten: BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000  mam Vermierk : CaraPio Camp 2010 mat Numm an Virnumm. Détailer zum Camping kommen no. Liest och bei: Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio.
Fir all d’RaRo:
Samschdes den 3. an den 10. Juli ass all Kéier  Versammlung vun 16:00 bis 18:00 um Bierg. Et misst lo nach de Rescht vum Camp bezuelt ginn, dat wären 250 € op de Kapp. Iwwerweist dei Suen w.e.g. op de Compte Peitenger Guiden a Scouten: BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk : RaRo Camp 2010 mat Numm an Virnumm. Détailer zum Camping kommen no. Liest och bei: Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio.
Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 3. Juli an den 14. August  ass Pabeiersammlung, hoffentlech kenns du hëllefen, elo schonns villmools Merci! R.D.V. ass um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss.
E Mëttwoch, den 7. Juli gi mir (CaraPio, RaRo, Chefen a Cheftainen, …)  an d’Géisserei.  Hei ass eng interessant Versammlung zum Thema : Scoutsresistenzler, e Gespréich mat Zäitzaien vun deemools. Dest ass eng eemoleg Geleeënheet, weider Informatiounen fannt dir op : lgs.lu/node/566. Mellt iech w.e.g. bis den 3.07 beim Davy un: [benotzt w.e.g. den Kontaktformular. -Gilles]  oder um 691 260 841. Mir treffen eis um 18:00 an Uniform beim aalen Pomjeesbau.
Donneschdes den 29.7 maachen mir mat bei der Vakanzaktioun, wou d’Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoer e flotten Nomëtten bei eis verbréngen. Den Vakanznomëtteg ass eng super Geleeënheet fir Reklamm ze maachen. Mir brauchen moies vun 9:00 Auer un  a mëttes vun 13.30 Auer  viiiiil Leit déi eis hëllefen. Mell dech w.e.g. bis den 10. Juli  beim Guy um 691435358 un.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top