Scoutsziedel bis den 18.Dezember 2010

Fir iech alleguer:
Samschdes den 18. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jiddereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  oder an der Noperschaft weider ze verdeelen. No der Mass, déi um 17:30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht.
Fir all eis Memberen: R.d.v um 17:30 Auer an Uniform virun der Kierch. D’Elteren, Bridder a Schwësteren, Frënn a Bekannten … sinn häerzlech wëllkomm!
Dëst ass den leschten Ziedel fir dëst Joer, duerfir profitéieren ech vun der Geleeënheet, fir jidderengem fir seng Mathëllef , a säin Engagement uechtert d’Joer Merci ze soen.
D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéin Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2011 .
Fir all d’Wëllefcher:
De 4. an den 11. Dezember hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Den 18. Dezember hunn mir eng Chrëschtfeier vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Bréngt alleguer e Cadeau (net méi deier wéi 2€),am léifsten eppes Selwergemachenes an eng Bull fir op de Beemchen mat. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Deng Chef
Fir all d’AvEx:
Mir hunn Samschdes, den 4. vun 14:00 bis 18:00 Auer Versammlung. Dot iech dem Wierder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen. Samschdes den 11. hunn mer vun 15:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wierder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Deng Chef
Fir all CaraPio:
De 4. an den 11. Dezember hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 11. Dezember ass Pabeiersammlung, r.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstross. MERCI dass du derbäi bass. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Deng Chef
Fir all d’RaRo:
De 4. an den 11. Dezember hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Yannick

Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Samschdes den 11. Dezember ass Pabeiersammlung, r.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstross. MERCI dass du derbäi bass. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top