Scoutsziedel bis den 29.01.2011

Fir iech alleguer
Knapps ass d’Joer amgangen a schons steet e grousst Evénement virun der Dier! Den 28. an 29. Januar spille mir eisen traditionelle Scoutstheater zu Péiteng am Home. Halt iech dësen Datum alt schons emol fräi. Et wier ganz léif wann dir ärem Kand fir déi nächst Versammlung eppes gingt matgin fir an d’Tombola. Gitt et do einfach beim Annick of. Merci!

Fir all d’Wëllefcher
Salut, mat vill Schwonk geet et am neien Joer lass. Mir hunn e Samgden den 8. Januar vun 14:00-16:00 Auer Versammlung um Prënzebierg. Fir dass eist Theaterstéck esou richteg flott gëtt musse mir vill prouwen. D’Prouwen sinn all Kéier zu Péiteng am Home. Hei sin d’Datummer:

  • Dënschdeg den 11.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 13.1. vun 18:30-20:00
  • Samgdeg den 15.1. vun 14:00-16:00
  • Dënschdeg den 18.1. vun 18:30-20:00
  • Samgdeg den 22.1. vun 14:00-16:00
  • Dënschdeg den 25.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 27.1. vun 17:00-18:30.

Fir all d’AvEx:
Salut, endlech ass d’Vakanz eriwwer a mir kënnen eis nees gesinn. Mir hun déi zwee nächst Samgdeger den 8. an den 15. Januar vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Fir dass eist Theaterstéck esou richteg flott gëtt musse mir vill prouwen. D’Prouwen sinn all Kéier zu Péiteng am Home, hei sinn d’Datummer:

  • Dënschdeg den 11.1. vun 17:00-18:30
  • Donnegdeg den 13.1. vun 17:00-18:30
  • Dënschdeg den 18.1. vun 17:00-18:30
  • Donnegdeg den 20.1. vun 17:00-18:30
  • Dënschdeg den 25.1. vun 15:30-17:00

Fir all d’CaraPio
Salut, endlech ass d’Vakanz eriwwer a mir kënnen eis nees gesinn. Mir hunn déi zwee nächst Samgdeger den 8. an de 15. Januar vun 14:00-16:00 Auer Versammlung um Prënzebierg. E Samgdeg de 15.01. ass Pabeiersammlung. Rdv ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wësst jo, mir brauchen iech! Den 22.01. gi mir op de Wanterhike, Detailer kommen am nächste Bréif. Fir dass mir eis net op der Bühn blaméieren musse mir vill prouwen. D’Prouwen sinn all Kéier am Home; hei sinn d’Datumer:

  • Mëttwoch den 5.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 6.1. vun 18:30-20:00
  • Mëttowch den 12.1. vun 18:30-20:00
  • Freideg den 14.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 20.1. vun 18:30-20:00
  • Mëttwoch den 26.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 27.1. vun 18:30-20:00

Fir all RaRo
Mir hunn déi zwee nächst Samgdeger den 8. an de 15. Januar Versammlung um Prënzebierg. E Samgdeg de 15.1. ass Pabeiersammlung. De Rdv ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wësst jo, mir brauchen iech!

Fir all d’Matarbeschter, Chef, RaRo a CaraPio
E Samgden de 15.01. ass Pabeiersammlung. Rdv ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Elo schons en décke Merci fir är Hëllef. Hei sinn déi provisoresch Datummer vun de Pabeiersammlungen vum ganze Joer: 12.2, 19.3, 21.5, 18.6, 9.7, 14.8., 17.9, 15.10,  12.11, 10.12.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top