Programm vun der Guilde: Mäerz – Abrël

Sam. 4.3.: Buergbrennen [Org. Grupp]
De Fakelzuch geet um 18.30h ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang.
Jiddereen dee beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.
Sam. 11.3.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
All Mataarbecht ass wëllkomm.
Dën. 14.3.: Keelenowend um 20:00h am Café Müller zu Lampech.
Fr./Sam. 17./18.03.: Theater am Home. [Org. Grupp] Rido: 19:30h.
Et gëtt gespillt:
– Biber: Scoutimus verschwundibus
– Wëllefcher: De Gravito
– AvEx: Schneewittchen an déi 7 Zwergen
– CaraPio: Eng technesch Affär
– Cheféquipe an Mataarbechter: Männertabu, e lëschtegen Dräiakter
Wann Dir eis wëllt ënnerstëtzen da kommt kucken an/oder stëft eppes fir an d‘Tombola, déi vun der Guilde organiséiert gëtt. Merci am viraus.
Sam. 25.3.: Sortie: Dippach/Gare – Schouweiler/Gare an zeréck, mat Mëttegiessen
Rendezvous A: Gare Péiteng. Zuch op Dippech, dep. 10:47h
Rendezvous B: Gare Dippech. Dep. zu Fouss um 11:00h
Promenade apéritive via Betten/Mess, Sprénkeng op d‘Schuller Gare
Mëttegiessen an der „Osteria del Ponte“. À la carte
Promenade digestive zeréck op Dippech/Gare
Umeldung: bis Mët. 22.03. um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail: guilde-petange@pt.lu
Sam. 8.4.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
All Mataarbecht ass wëllkomm.
Sam. 22.4.: Sortie Perlé – Martelange, mat Mëttegiessen
Rendezvous A: Parking hannert „Rousen“, Accès an der rue de la Liberté.
Depart mat Privat-Autoen um 9:45h
Rendezvous B: Parking bei der Kierch zu Pärel (Perlé): 10:00h
Visite vum „W.W.II 385th Bomb Group Museum“, Dauer ± 1 Stonn
Duerno Trëppeltour bis op Maartel an de Resto „Mouton Noir“ (fréier „Maison Rouge“)
3,9 km (1 Stonn), nëmme biergof, gudde proppere Wee.
Mëttegiessen „à la carte“. Menüskaart um Internet: www.lemoutonnoir.lu
Promenade digestive duerch de Park zu Maartel.
Mam Bus 590 zeréck op Pärel, depart 16:14h
Umeldung: bis Mët. 19.4. um 12:00h
um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail: guilde-petange@pt.lu

Samschdeg, den 29. Abrël 2017 Generalversammlung am Chalet um Prënzebierg um 19:00 Auer

Ordre du jour:

 

  1. Usprooch vum President
  2. Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin
  3. Keesrapport vum Trésorier
  4. Rapport vun de Keess-Kontroller
  5. Zoustëmmung vun de Rapporten an Décharge vum Comité
  6. Wale fir de Comité a Confirmatioun vun de Keesskontroller. Austriedend an erëmwielbar sinn: Guirsch Roby a Lippert JeanKandidature fir de Comité gi vum President entgéintgeholl.
  7. Festleeë vun der Cotisatioun 2018
  8. Aktivitéitsrapport vun der Gruppecheftaine
  9. Aktivitéite vun der FLGS (Fréier Lëtzebuerger Guiden a Scouten)
  10. Zoukënfteg Aktivitéiten
  11. Divers
  12. Agape (Gromperenzalot mat Wirschtercher, Taart/Kuch, Kaffi) offréiert vun der Clubkeess, ausser dem Gedrénks

Umeldung beim Martine Schlottert Tel.: 503271, GMS: 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu

Delai: bis Dënschdeg, den 25.04.2017

 

Fir an den Agenda:
Pabeiersammlungen: 13.5. – 10.6. – 8.7. – 5.8. – 9.9. – 7.10. – 4.11. – 9.12.
Keelenowenter: Dën. 16.5. – Don. 15.6.
Sortie Bilsdorf: 25.5.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top