Programm vun der Guilde: Mee – Juni 2017

Mir si frou 6 nei, virun allem jonk, Memberen an eiser Guild begréissen ze kënnen. Mir hoffen dass si mat hirem Enthusiasmus eng nei Dynamik an d‘Guild bréngen. =================================================================

  Sam. 13.05.: Pabeiersammlung.

Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

Dën. 16.05.: Keelenowend.

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Don. 25.05.: Traditionell Sortie op Bilschdrëf

op d‘Scoutskiermes (ganzen Dag, mam Privatauto)

Rendezvous A: um 10:00h zu Péiteng um Parking hannert „Rousen“, Accès an der rue de la Liberté

Rendezvous B: um 10:55h zu L-8811 Bilsdorf um Scoutsterrain, 10, rue Abbé Neuens.

Intressenten, déi keng Méiglechkeet hu fir op Bilschdrëf ze kommen, kënnen dat bei der Umeldung mat uginn. De Comité organiséiert den Transport.

A. 11:00h: Scoutsmass um Terrain, duerno Apéritif.

B. Mëttegiessen.

Menü: Ham am Deeg, Gromperegratin, Ierbessen a Wuerzelen, Zalot, Dessert fir 23,00 €

Umeldung beim Martine Schlottert bis Samschdes, 20.05.

Tel. 50 32 71,   GSM 621 414 040,      Mail: jschlott@pt.lu

C. « Promenade digestive » vun ± 2 Stonnen, Guide Georges Scherer.

(Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)

Méin. 29.05.: Comité um 20:00h am Home.

Sam. 10.06.: Pabeiersammlung.

Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

Don. 15.06.: Keelenowend mat Agape.

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech.

Menü: Assiette, Fritten an Zalot, Taart a Kaffi, fir 22.– EUR

Umelle bis Sonndes, 11.06., 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu

Sam. 17.06.: Sortie

Rendez-vous A: Gare Péiteng. Zuch op Hollerich, dep. 9:17h

Rendez-vous B: Gare Hollerech um 9:35h zu Fouss bei den Tramsmusée (1,7km / 20 min.)

Rendez-vous C: Tramsmusée um 10:00h

Visite guidée vum Tramsmusée. Dauer: 1,5 Stonn

Transfert op d‘Cloche d‘or:

A: zu Fouss (2,9 km / 31 min.)

B: mam Bus 1 an Bus 205 (dep. 11:41h, arr. 11:57h)

C: mam Privatauto

Mëttegiessen am Restaurant Oberweis, 1, rue Guillaume Kroll

Duerno Transfert mam Bus 18 op d‘Kockelscheier, depart h:07h an h:37h

Spazéiergank vun ca. 5 km um Site Kockelscheier

Transfert mam Bus 18 op d‘Hollerecher Gare: dep. all hallef Stonn um h:22h an h:52h

Heemrees mam Zuch.

(Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)

Umeldung: bis Mëttw. 14.06. um 12:00h um Tel. 43 46 49 (Scherer),

Frei. 23.06.: National-Feierdag 2017

Sam. 24.06.: zu Péiteng bei der Gemeng an am Park. Hei ass de Grupp am Asaz, mat Ënnerstëtzung vun der Guilde.

Séier wahrscheinlech wäert och en offiziellen Cortège mat Te Deum organiséiert ginn, wou mir als Guilde gär deelhuelen.

Well de Gemengebeamten hir Millen awer bekanntlech méi lues muelen, si nach keng Detailer publik.

Son. 2.07.: Kulinareschen Trëppeltour zu Kielen. (Org.: Verschidden Associatioune vu Kielen)

Hei de provisoresche Programm (sous réserve):

Depart zu Kielen tëscht 10h30 an 11h30.

Parcours: Kielen – Direndall – Weidendall – Brameschhaff – Kielen = ronn 10 km,

Et si 6 Etappen: 1. Apéro; 2. Entrée; 3. Trou normand; 4. Haptplat; 5. Kéis; 6. Assiette gourmande mat Kaffi. Bei all Plat gëtt et e Gedrénks no Wiel. Präis: 37,00 €

De Parcours ass geeegent fir Poussetten, deemno och fir eeler Leit.

Umeldung an Info fir Intressenten beim Roby Guirsch bis Sam. 17.06., Tel. 26 30 02 96 oder Mail: guirschrob@gmail.com

(Déi genee Detailer kréien déi Ugemellten duerno matgedeelt)

Fir an den Agenda:

Pabeiersammlungen: 8.7. – 5.8. – 9.9. – 7.10. – 4.11. – 9.12.

Porte ouverte um Camp GoUrban Son. 23.07. (D‘Guilde huet eng Sortie geplangt)

Traditionellt Grillfest um Kuelbecherhaff: Son. 06.08.

Eis Franziskus-Mass um Bierg Sam. 14.10

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top