Programm vunder Guilde: September-Oktober 2017

Sam. 09.09.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Sam. 09.09.: 15:30h Cérémonie commémorative

beim Amerikaner-Monument beim WAX (Org.: SITP)

Son. 10.09.: Sortie op Esch/Gaalgebierg mat Visite vum Escher Déierepark.

Rendez-vous A: zu Péiteng op der Gare. Départ vum Zuch op Esch um 13:52h

Rendez-vous B: zu Esch virun der Gare um 14:15h.

Trëppeltour op de Gaalgebierg. Et ass KENG Umeldung erfuedert.

Sam. 23.09.: Kleedersammlung zu Gonschte vum Kolping-Wierk (Org. Grupp).

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Son. 24.09.: Sortie op Bouillon (mat Privatautoen, ± 80 km).

Rendez-vous A: um 9:00h um Parking hannert „Rousen“ (Acces duerch d‘rue de la Liberté). Transfert op Bouillon.

Rendez-vous B: um 10:15h bei der Bréck „Porte de France“ um Enn vun der „rue du Collège“ zu Bouillon.

Trëppeltour „Tour de ville“ vun 1½ Stonn.

Mëttegiessen: Et ass KEE Restaurant reservéiert, soudass jidderee kann iessen goe wou e wëllt a wat e wëllt. Et si genuch Restauranten do.

Durno Visite vun der Buerg Bouillon. Et ass KENG Visite guidée geplangt.

Heemrees géint 17:30h

Umeldung (wéinst der Organisatioun vum Transport) um Tel. 50 21 03 (Peiffer) tëscht dem 18.09.17 an dem 22.09.17 oder per E-mail: guilde-petange@pt.lu virum 22.09.17

Sam. 07.10.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Méin. 09.10.: Comitéssitzung um 20:00h am Home

Mët. 11.10.: D‘Guilde um Dill: Keelenowend um 20:00h zu Lampech am Café Müller

Sam. 14.10.: Franziskusmass um 16:00h um Prënzebierg fir all liewend a verstuerwe Membre vun der Guilde a vum Grupp Hl. Franz vun Assisi. Rendez-vous um 15:00h, fir d‘Lidder nach eng Kéier ze prouwen.

Don. 19.10.: Guildendag zu Diekrich (Org. FLGS) mat Visite vum Musée militaire, Mëttegiessen am Restaurant an uschléissender Generalversammlung. Alles läit no bei der Gare, sou dass ee mam Zuch gutt dohi kënnt. Reservéiert Iech dësen Datum. Detailer gitt Dir kuerz virdru beim Martine gewuer.: ( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top