Programme vun der Guilde: November-Dezember 2017

Ce n’est qu’un au revoir …

De 14. Oktober huet eise Comitésmember an Trésorier Jang Schlottert eis am Alter vun 58 Joer no kuerzer Krankheet fir ëmmer verlooss.

Mir wënschen dem Martine a senge Kanner vill Courage an dëser schwéierer Zäit.

Mir wäerten de Jang a gudder Erënnerung behalen.
Sam. 04.11.:     Pabeiersammlung   (Org. Grupp)

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Mët. 15.11.:      D‘Guilde um Dill:  

Keelenowend um 20:00h zu Lampech am Café Müller

Sam. 25.11.:     Eng Visite duerch d‘Zäit, queesch duerch d‘Stad.

Rendezvous A: Parking hannert „Rousen“ um 9:15h; Transfert mat Privatautoen.

Rendezvous B: um 10:00h bei der Jugendherberg am Pafendall (2, rue du Fort Olizy)

Zu Fouss duerch d‘Ënnerstad an d‘Ënnerwelt vun der Stad Lëtzebuerg = ongeféier 4,5 km (ouni Bulli)

Guide: Georges Brosius

Mëttegiessen an der Jugendherberg.

Nomëttes: Visite vun enger Maquette zu Bouneweg.

Umellen an Info: bis spéidstens den 11.11. beim Georges Brosius, GSM 621 181 297

27.11. – 01.12. Schaffen um Bierg.

Mir wickelen Adventskränz a bastelen aner Adventsdekoratiounen. (D‘Kränz mussen am viraus bestallt ginn an gi vir den 1. Advent heem geliwwert)

01. – 03.12.:      Niklosmaart   virum Stadhaus [Org. SIP & Grupp],

wou mir eis Adventsdekoratiounen verkafen.

Dën. 05.12.:      D‘Guilde um Dësch an um Dill: 

Keelenowend mat Agape um 19:00h zu Lampech am Café Müller.

Menü: Rôti de veau Prince Orloff + Taart + Kaffi = 22,00 €

Umeldung bis 1.12. (12:00h) bei Peiffesch,         Tel: 50 21 03; Mail: peiffer4@pt.lu; SMS: 661 502 103

Sam. 09.12.:     Pabeiersammlung   (Org. Grupp)

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Méin. 11.12.:  Comitéssitzung um 20:00h am Home

Sam. 16.12.:     Chrëschtveillée mat Träipeniessen 

15:00h: Trëppeltour   iwwer de Prënzebierg. Bei schlechtem Wieder: Gesellschaftsspiller am Chalet.

19:15h: Chrëschveillée

20:00h: Traditionellt Träipeniessen   ( fir Vegetarier ass eng Alternative virgesinn, bei der Umeldung uginn wegl.)

Umeldung: (op Wonsch vum Metzler) bis den 9.12. bei Peiffesch, Tel: 50 21 03; Mail: peiffer4@pt.lu; SMS: 661 502 103

Sam. 23.12.:      Friddensliichtfeier       no der Mass vun 17:00h an der Kierch zu Péiteng. D‘Guiden a Scouten verdeelen d‘Friddensliicht vu Betlehem.

Sam. 30.12.:     Fousstour   op Këntzeg

Rendez-vous: 10:00h zu Péiteng op der Millen; zu Fouss iwwer d‘Vëlospist (kee Bulli) op Këntzeg = 7,6 km.

Mëttegiessen an der Pizzeria „Rugantino“, à la carte

Retour entweder zu Fouss iwwer de Kierchepad = 4,5 km oder mam Bus 334, Départ all Stonn um h:21h

Umeldung:   bis de 27.12. um 12:00h bei Peiffesch, Tel: 50 21 03; Mail: peiffer4@pt.lu; SMS: 661 502 103
Fir an den Agenda: 2018 Buergbrennen: 18.02.2018 Scoutstheater: 16. & 17.03.2018 Grill-Party 2018 um Kuelbecher-Haff 29.07.2018

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top