Programm Januar – Februar 2018

Sam. 06.1.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Son. 14.1.: Sortie op Peppeng mat Visite vun 3 Muséen.

Rendez-vous A: 10:15h um Parking hannert „Rousen“ (Acces duerch d‘rue de la Liberté).

Rendez-vous B: 10:50h um 38, rue de Crauthem zu Peppeng.

11:00h: Visite guidée vum Kutschemusée, a vun der Expo vun der „Métallurgie ancienne“.

12:30h: Mëttegiessen am Café vum Musée.

14:00h: Visite guidée vum „Musée rural et artisanal“.

Entréespräis (ouni d‘Iessen): 10,00 EUR / Kapp

UMELDUNG fir d‘Mëttegiessen bis den 8.01.2018

um Tel. 43 46 49 (Scherer) oder Mail schererg@pt.lu

Dën. 16.1.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.

Uspill um 20:00h.

Sam. 03.2.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Mon. 05.2.: Comité um 20:00h am Home

Sam. 17.2.: (an net den 18.02.) Buergbrennen . [Org. Grupp]

De Fakelzuch geet um 18.30h ënne beim Wee fort an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang. Jiddereen dee beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Dën. 20.2.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.

Uspill um 20:00h.

Fir an den Agenda:

Scoutstheater: 2. & 3.03.2018 (an net den 16. & 17.) D‘Guilde bekëmmert sech ëm d‘Tombola a wier frou Gewënner gestëft ze kréien, déi d‘Martine Schlottert-Didier gären an der Parkstrooss, 12, entgéint hëlt.

Keelenowenter 2018: 16.1. – 20.2. – 20.3. – 19.4. – 13.6.

Pabeiersammlungen 2018: 10.3. – 7.4. – 5.5. – 2.6. – 7.7. – 11.8. – 15.9. – 13.10. – 10.11. – 8.12.

Grill-Party um Kuelbecher-Haff: 29.07.2018

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top