Programm vun der Guilde: Juli – August 2018

Ce n’est qu’un au revoir …

De 9. Juni huet eise laangjäerege Comitésmember an Trésorier Jean Lippert eis am Alter vu 85 Joer no laanger Krankheet fir ëmmer verlooss. De Jang war en engagéierte Scout a vun der éischter Stonn un Member vun der Guilde. Mir wënsche senger Famill vill Courage an dëser schwéierer Zäit. Mir wäerten de Jang a gudder Erënnerung behalen.

Zesummesetzung vum Comité fir d’nächst Joer:

Éire-President: Norbert BROSIUS

President: Georges SCHERER

Vize-President: Arnold MARTIN

Sekretär: Martine SCHLOTTERT

Sekretär adj,: Carlo PEIFFER

Trésorier: Lex FELTEN

Memberen: Christelle MASUTTI, Robert GUIRSCH, Marco QUINTUS, Fritz LIPPERT

Vertrieder vum Grupp: Claire DORDING

Programm Juli – August 2018

Sam. 30.6.: Virtrag um 16:00h am Chalet.

Den Oli KERSCHEN referéiert iwwert seng Abenteuer „Vu Nord bis Süd, 11 Méint mam Rucksak ënnerwee vun Alaska bis Feierland“. Intressente solle sech beim Claire umellen (621 68 39 99)

Sam. 7.7.: Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Son. 29.7.: Grill-Party um Kuelbecher-Haff

Rendez-vous um Haff vun 11:00h un.

Grillen:

– de Grill an dat fir ënnert de Grill (d’Feier) ass op der Plaz;

– dat fir op de Grill an säi Gedrénks muss jidderee selwer matbréngen;

– Zaloten an Taarten sinn net nëmme wëllkomm, mä souguer erwënscht.

Fir am viraus Bescheed ze wëssen wat ongeféier matbruecht gëtt, kontaktéiert w.e.gl. d’Martine ( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )

„Promenade digestive“ nom Iessen.

Mët. 1.8..: Vakanzaktioun vun de Schoulklassen , Cycle 2.2 aus der ganzer Gemeng. (Org. Gemeng Péiteng) beim Chalet um Bierg.

Mueres gëtt opgeriicht,

d’Spiller si vun 14:00 bis 16:00 Auer.

Hei gi Leit gebraucht fir: 1. opzeriichten, 2. mëttes Posten ze besetzen an 3. duerno ofzeriichten.

Intressenten kënne sech melle beim Martine ( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )

Sam. 11.8.: Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.

Mon. 13.8.: Comité  um 20h00 am Home

Mët. 15.08.: Sortie an d’Géigend vu Verdun

Rendez-vous A: 9:00h um Parking hannert „a Rousen“. Transfert mat Privatautoen ( 75 km).

Rendez-vous B: 10:10h um „Site des Eparges“ beim „Monument du Point X“ (D’Chauffeure kréien um Depart de Wee erklärt).

Trëppeltour entweder vu 5 km duerch de Bësch oder 3 km iwwer Macadam. Déi 2 Weeër si gréisstendeels am Schied.

Duerno kuerz Autosfahrt op Saint-Maurice-sous-les-Côtes, wou mer am Restaurant « Côtes de Meuse » zu mëtteg iessen ( www.hotelcotesdemeuse.com/ )

Nom Mëttegiessen kënnen déi kulturell intresséiert Leit (a ween ass dat net ?) matfueren op SaintRemy-la-Calonne, wou de Schrëftsteller Alain-Fournier (Le Grand Meaulnes (1913)) begruewe läit.

Umeldung : De Restaurateur wéist gäer fréi genug wéivill Persounen hien ze bekäschtegen huet (de 15.08. ass e Feierdag). Dofir froe mir d’Umeldung bis den 15. Juli 2018 beim Carlo Peiffer : Tel. : 50 21 03, Mail: peiffer4@pt.lu

Fir an den Agenda:

Franziskusmass um Bierg: Sam. 06.10.2018

Pabeiersammlungen 2018: 15.9. – 13.10. – 10.11. – 8.12.

Keelenowenter: 18.9. – 18.10. – 13.11. – 11.12

An zu gudder Läscht:
Le monde ne sera pas détruit par ceux qui font le mal, mais par ceux qui les regardent sans rien faire.
Albert Einstein

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top