Programm vun der Guilde: Februar 2019

Sam. 9.02.: Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site Eucosider. Wat méi Mataarbechter, wat mer éischter fäerdeg sinn.

Méin. 11.02.: Comité am Home

Ufank: 20:00h

Sam. 16.02.: Sortie

Rendez-vous um 10:00h zu Rolleng (Lamadelaine) bei der Grondmillen, rue du Vieux Moulin

Programm: Visite vun der aler Millen

Durno zu Fouss iwwer den Tëtelbierg.

Mëttegiessen am Fond-de-Gras bei der (eenzeg richteger an originaler) Giedel.

Iessen à la carte

Visite vun der läschter Raschtplaz vum Florent Feller um Bëschkirfecht.

Zu Fouss op Rolleng.

Visite vum Lokal vun de Geschichtsfrënn.

Umeldung bis den 13.02.19 um 12:00h entweder Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu

Dën. 19.02.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller

Uspill um 20:00h

Frei. 1.03. + Sam. 2.03.: Theater vum Grupp.

D’Guilde bekëmmert sech ëm d’Tombola a wier frou Gewënner gestëft ze kréien, déi d’Martine Schlottert-Didier gären an der Parkstrooss, 12, entgéint hëlt.

Fir an den Agenda

Keelenowenter 2019: 16/04.; 8/05.; 12/06.; 8/10.; 19/11.; 4/12

Pabeiersammlungen 2019: 16/03.; 13/04.; 11/05.; 8/06.; 6/07.; 3/08.; 7/09 / 5.10. / 9.11. / 7.12.

Buergbrennen: 9/03/2019

Hierkeniessen: 17/03/2019 um Bierg, mëttes. Durno: Promenade digestive.

Generalversammlung: 27/04/2019

Gedenkfeier zu Neihaischen: 1/05/2019

Ausfluch op Kandersteg: 7. – 10/06/2019

Grillfest um Kuelbecherhaff: 14/07/19

Mass fir all liewend a verstuerwe Member: 5/10/2019

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top