Programm vun der Guilde: Oktober-November

Sam. 05.10.: Pabeiersammlung
Rendez-vous um 8:30 Auer um fréiere Site Eucosider. Är Hëllef gëtt dringend gebraucht !
Sam. 05.10.: Franziskus-Mass
Wéi all Joers gedenken mir um Namensdag vun eisem Schutzpatréiner dem Hl. Franz vun Assissi un eis Verstuerwen Memberen a Frënn. Dowéinst fënnt den 05. Oktober um 15 :30 Auer eng Mass bei der Kapell um Prenzebierg statt. No der Mass ass nach ee klengen Apero um Prenzebierg.
Den. 08.10.: Keelenowend am Café Muller zu Lampech
Ufank wéi ëmmer um 20 :00 Auer.
Fr. 11.10. : Guildendag
Den 11. Oktober ass den Guildendag am Possenhaus zu Bech-Klengmacher.
Rendez-vous : um 10 :45 Auer beim Musée « A Possen » mam Poppemusée, 2, Keeseschgaessel fir eng individuell Visitt ëm 11 Auer. D’Visitt kascht 5 Euro.
Fir d’Iessen si mer niewendrun an der « Wäistuff a Possen » géint 12 :30 Auer. Mir iessen à la Carte. Beim Kaffi halen mir eng kuerz, mee obligatoresch Generalversammlung.
Mellt iech un bis allerspéitstens den 4. Oktober beim Martine : 621 414 040.
Et besteet Méiglechkeet mam ëffentlechen Transport ze fueren, weider Infoen kritt der bei der Umeldung.
Sam. 26.10.: ArtistinderKirche
Besuch vun ong. 1 ½ Stonn vun der Kënschtlerin Josiane Ginter, Member vun der Guilde, zu Malberg.
Link : http://artistinderkirche.com/index.php/de/
Rendez-vous um 9 :30 Auer hannert Rousen.
Fir Mëttes iesse mer an der Pizzeria « Bella Italia » zu Kyllburg.
Nom Iessen besichen mir nach Schlass Malberg.
Retour ass géint 17 Auer. Umeldungen beim MARCO : 621 346 812
Sam. 02.11.: Pabeiersammlung
Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site Eucosider. Merci fir är Hëllef.
Sonn. 10.11.: Mines zu Hussigny
Mir man zu Hussigny een Tour duerch d’Minère. Entrée ass 10 Euro op de Kapp.
Rendez-vous um 8 :45 Auer um Parking hannert Rousen zu Péiteng. No eisem Ausfluch duerch d’Minen ginn mer zesummen iessen (Restaurant « Angolo Divino » Zolwereck) Umeldungen bis den 05. Oktober beim Martine 621 414 040.
Mon. 11.11.: Comité.
Um 20:15 Auer am Home
Den. 19.11.: Keelenowend am Café Muller zu Lampech
Ufank um 20 :00 Auer.
Dezember 2019 : Wanteraktioun bei der Caritas
Séit 2001 hëlleft Caritas dem Familljeministère den Sans-abri een Mëttesiessen ze verdeelen. Bei dëser Aktivitéit, genannt Wanteraktioun, ginn all Joers Fräiwëlleger gesicht fir ze hëllefen. Dëst Joer wëllen mir gären mat den Albatrossen dobäi hëllefen. Bei Interessi kennt der iech beim CHRISTELLE    691 930 641 mellen an informéieren. Déi genau Datumer kritt der dann matgedeelt.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top