Loftfoto vum Chalet Monnerech, Foto: jbm.lu

Infoziedel Oktober 2019

Fir iech alleguer:

Samschdes a Sonndes den 26 an 27 Oktober: Gruppe-Montéésweekend zu Monnerech

Bei der Montée wiesselen di eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer.

Fir déi di sech nach net ugemellt hunn: et ass nach net ze spéit! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) un (och Chef a RaRo). De Weekend kascht 20€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, an 15 € fir all weider Geschwëster. ?rt Kand ass nëmmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwwerwisen sinn. Wëll den leschten Ziedel Verspéidung krut , kennt der d’Iwwerweisunge bis den 21 Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

20 oder 15€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweisen.

Ufank vum W.E.:

Mir bieden d’Elteren d’Kanner Samschdes den 26 Oktober fir 15h op Monnerech bei de Chalet (rue de Pontpierre, L-3940 Mondercange) ze bréngen. Et ass gutt wann dier Fuergemeinschaften kennt maachen. Fir d’Chef, Albatrossen a RaRo: Eise Start ass um 11h zu Monnerech.

Mathuelen:

Foulard undoen, Täscheluucht, Täschemesser, Bidon, Wäschsaachen (Zahnpasta, Zännbiischt, Seef, Handduch…), Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, déck Schong, Schlappen, Spullduch, déi ausgefëllte Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) a perséinlech Medikamenter. Verpaakt alles an engem Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen. Fir d’Avex déi Montée machen, Pio a RaRo: denkt och un är Carrymatt.

Fir d’Chef: Verkleet Iech w.e.g. als Réimer. Carrymatt net vergiessen, et sinn net Better fir jiddereen do.

Schluss:

D’Eltere kënnen hier Kanner nees Sonndes um 16:00 Auer op Monnerech bei de Chalet siche kommen.

Fir all d’Biber:

Léif Biber, den 19 Oktober hunn mir eng Versammlung zesummen mat den Wëllef. Dir wëllt wëssen wat iech erwaart?? ma dann kommt vun 14H00 bis 16H00 op den Prënzebierg an bréngt en Bidon mat Waasser mat…. eppes kennen mir iech verooden… et gëtt sportlech 😉 P.s dot iech dem Wieder entspriechend un an och méi sportlech. Den 26 Oktober bis den 27 Oktober ass d’Montée, kuckt bei „ Fir iech alleguer“. Den 2 November ass keng Versammlung well Vakanz as. Den 9 November hunn mir normal Versammlung vun 14h00 bis 16h00 um Prënzebierg. 

Fir all d’Wëllefcher:
Mir hunn de Samschden 19.Oktober an de Samschden 9.November hunn mir vu 14h bis 16h Versammlung um Prënzenbierg. Den 19 Oktober maache mer d’Versammlung zesumme mat de Biber. Mir treffen eis um Prënzebierg a gin duerno op Lamadelaine bei de Fitnessparcours (de Mowgli ass e sportleche Jong). Mir kommen awer erëm op de Prënzebierg zréck. Den 9. November fänke mir mat engem neie Komet un, loosst Iech iwwerraschen. Fir den 26-27 Oktober, kuckt do bei „ Fir iech alleguer“. Den 2. November ass keng Versammlung well do Vakanz ass.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdes, den 19.10 an den 09.11 hunn mer Versammlung vu 14:00-16:00. Fir den 26-27 Oktober, kuckt do bei „ Fir iech alleguer“. Den 2. November ass keng Versammlung well do Vakanz ass.

Fir all d’CaraPio:

E Samschden 19. Oktober gesi mer eis vu 14-16 Auer fir d’Montée vir ze bereeden.

De Weekend vum 26. a 27. Oktober gi mer mat op d’Montée. Kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“.

E Samschden 2. November hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Esou ennerstëtze mir eisem Grupp – schließlech hëlleft de Grupp eis jo och, zB fir eis Campen am Ausland. Fir d’Detailer kuckt bei “Fir all d’Carapio,RaRo, …” Didd iech dem Wieder no un, Hännsche sinn och eng gutt Iddi.

Den Samschden 9. November gesi mer eis vu 14-16 Auer um Prënzebierg. Mir wielen eng Entreprise a sichen éischt Iddie fir den Theater. Dëst Scoutsjoër hu mer schonn des Aktivitéite am Ausbléck wou mer kënnen deel huelen:

Fir all d’RaRo:  

De Samschden 19. Oktober an den 9 November hu mer normal Versammlung vun 16:15-18.15. Fir d’Montée kuckt bei „ Fir iech alleguer“ a mellt Iech beim Claire un. De Samschden 2 November ass just moies Pabeiersammlung .

Fir d’Albatrossen:

Opgepasst eis Versammlunge fannen dëst Joer all 3ten Freiden am Mount um 20h statt. Falls der net komme kennt, mellt iech beim Christelle of, dat ass wichteg fir d’Organisatioun. Di nächst Versammlunge sinn den 18 Oktober an de 15 November. Den Mëttwoch den 25 Oktober bereede mir eise Camp an eise Ralba-MonteesWE vir.

Fir all d’Carapio,RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen

Den 2. November ass Pabeiersammlung. Um 8h30 ass Rdv op dem ale Site vun der Eucosider. Gëff dengem Häerz e Stouss a pack eng oder zwou Hänn mat un  MERCI

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top