Infoziedel Abrëll 2020

Fir d’Biber, d’Wëllef, d’Avex, d’CaraPio, an d’RaRo

Wëll déi aktuell Kris ronderëm de Coronavirus nach viraussiichtlech eng Zäitchen dauert, sinn keng Versammlunge bis no der Ouschtervakanz geplangt. Duerno kucke mer mol wéi d’Situatioun am Lëtzebuerger Ländchen ausgesäit.

Ech wënschen Iech also eng schéi Vakanz, bléift doheem a virun allem bléift gesond.

Fir d’Wëllef :

Mir hunn eis geduecht dat dir iech villäicht langweilt, esou ganz eleng doheem mat ären Hausaufgaben an der Kummer agespaart… ech iwwerdreiwen e bësse ?  Mee falls dat de Fall sollt sinn, da kuckt mol reegelméisseg op eisem Internetsite https://lgspeiteng.lu an d’Kategorie „Wëllefcher“ villäicht kenne mir iech do weiderhëllefen…

Eng schlecht Noriicht: den nationalen Wëllefchersrallye vum 25. Abrëll huet leider missten ofgesot ginn.

E bëssen Hoffnung: bis elo denke mer dat mer kennen eisen WE vum 16.-17. Mee bäibehalen. Mir plangen do zesumme mat de Wëllefcher vu Suessem op Réiser ze fueren.

AvEx

Vum 8.05 – 10.05 ass en Hike-WE geplangt, zesummen mat den AvEx vun Käerjeng an Déifferdeng. Dir gitt informeiert falls en net sollt stattfannen.
Eise Camp ass dest Joer vum 18.07 – 28.07 um Kuelbecherhaff bei Miersch.

Fir d’CaraPio :

D’JoCaPi (4. Abrëll) an den Iron Scout (17.-18. Abrëll) sinn leider oofgesot gin. 

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Vun der Gemeng aus hunn ech leider nach keng Informatiounen krut op mer den 18. Abrëll däerfen eng Pabeiersammlung maachen. Dat kënnt ganz dorop un wéi d’Situatioun am Land sech entwéckelt. Do kann ech Iech just zimmlech kuerzfristeg Bescheed soen (1 Woch virdrun). Dat selwecht gëllt fir den Schaff-WE dee mer fir den 18.-19. Abrëll geplangt haten.

Fir d’ RaRo, Albatrossen a Chef

D’Rodanger Guiden a Scoute maache bei der BA-Aktioun vun de LGS mat, d.h. eeler a vulnerabel Persounen aus der ganzer Gemeng Péiteng kënne bei hinnen uruffe fir dat d’Scoute fir si Akeef maachen, Medikamenter siche ginn,… Mir wëllen hinnen do ënnert d’Äerm gräifen an hëllefen. Wann e puer vun Iech wëllen hëllefen da mëllt Iech beim Claire Dording (621 68 39 99).

Header Foto vum Annie Spratt bei Unsplash

1 réflexion sur “Infoziedel Abrëll 2020”

  1. Ping : Ajoute fir den Infoziedel – LGS Péiteng

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top