Scoutsziedel bis den 2. Mee

Fir all d’Wellefcher:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 25. Abrëll an den 2.Mee, vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Claire, Alex, Lena an Claude
Fir all d’AvEx:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 25. Abrëll an den 2.Mee, vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Um nächsten Ziedel kommen éischt Informatiounen iwer eisen W.E an den Summercamp.
Annik, Gilles, Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy
Fir all CaraPio:
Den 25. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss.Mir zielen op iech!!!! E Samschdeg den 25.04.09 hun mir keng Versammlung. Duefir fueren mir e Sonndeg den 26.04 op den JoCaPi (Journée CaraPio) den ass am Leidelenger Besch teschent Bartreng an Leideleng. R.d.v: Mir treffen eis an Uniform um 08.00 Uhr op der Gare zu Péiteng, den Zuch fiert um 8.10 Auer. Matbrengen:12€ fir déi wou nach net bezuelt hun, deck Schong, Kleeder dem Wierder ugepasst (sollen och kënnen knaschteg gin), Gamell, Besteck, Becher, Schwammbox, Kompass an nach allerhand schlau Saachen wou een kann gebrauchen fir d’Froen ze beäntwerten. Retour: géint 19.00 Auer. Samschdes, den 2 Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Virukënnegung: Eise Summercamp ass vum 15.07. – 26.07.09 an Daitschland um Botheler Hafen. Mir hun e ganze Koup cool Aktivitéiten um Programm wéi een Hike duerch d’Lüneburger Heide, en Ausflug op Hamburg mat enger Hafenrundfahrt ….. Den Camp kascht 350 Euro. Et ass wichteg dass dir Iech elo umellt. Dir sidd ugemellt wann dir 100€ op de Compte vun den Péitenger Guiden a Scouten Mam Vermierk CaraPio Camp 2009 a mat ärem Numm an Virnumm. P.S. wann de Camp fir Iech ze deier ass, daan schwäzt einfach mam Lukas, mir kucken dann waat sech do machen léisst.
Lukas,Yannick , Mich an Béa

Fir all d’RaRo:

Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 25. Abrëll an den 2.Mee, vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Dësen Samschdeg den 25. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. MERCI dass DU dobei bass!!!!

Mym.Joel, David an Lex

Fir all d’Matarbechter …..:
Den 25. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi emmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir all Hëllef!!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top