Biber
Eis Method
D’Biber si fir Kanner am 2. Zykel.
D’Biber, Meedecher a Jongen tëscht 6 an 8 Joer, treffen sech eemol d’Woch an enger Versammlung fir zwou Stonne fir zesumme ganz vill flott Spiller dobaussen an och Bastelaktivitéiten ze maachen. Ganz vill Wäert leeë mer heibäi zemools op:
- d’Natur
- den eegene Kierper
- d’Matmënschen
- di ganz Welt
- d’Spiritualitéit
Meeschtens plangt eis ganz Ekipp mer dëst ronderëm een Thema wat zur Joreszäit a Saison passt. Esou entdecken d’Kanner spilleresch a mat eise 5 Sënner all déi wichteg Saachen déi ee souwuel an deene méi héije Branchë mee och am Liewe gutt gebrauche kann.
Een neit Joer fänkt normalerweis ëmmer am September un, wou déi meescht nei Kanner sech umelle kommen. Am Laf vum Joer ginn da ganz vill Aktivitéite gemaach, mä et sinn och Sortien an e Weekend dobäi. Den Highlight vun engem Scoutsjoer an de Biber ass de Camp, deen an engem Chalet an eisem schéine Lëtzebuerg ass.
E puer wichteg Aspekter vun de Biber sinn:
- d’Kenneléieren an de Respekt vun sech selwer, de Matmënschen an der Natur
- Nei Frëndschafte grënnen
- Vill Saachen erliewen an entdecken déi an am Liewe ka mathuelen
- Zesummenhalt
- Vertrauen an sech selwer an déi aner
- Ganz vill Spaass hunn
„A lass!“ ass d’Motto vun eise Biber. Dat heescht, intresséier dech selwer an déi aner, fir d’Natur an d’Aussewelt, eleng oder mat dengem Kolleegen.
D’Chefekipp vun de Biber
Anna Monaco
Responsabel Cheftaine fir d’Biber | Tel: 621 754 360Interessen: Danzen, Musek a Liesen
Mathilde Boillot
Biber CheftaineInteressen: Theater, Sangen, Molen an Architektur
Anne Elsen
Biber CheftaineInteressen: Natur, Reesen a Puzzle maachen
Laurence Martin
Biber CheftaineInteressen: Danzen, Liesen, Longboarding a Videospiller