Programm vun der Guilde: September 2020 (2. Deel)

Sonndeg, den 2. August:

 Sortie Solarboot um Stausee. Mir treffen eis um 9.45 Auer zu Insenborn “ënnen beim Waasser”. D’ Fahrt dauert 2 Stonnen a kascht 8 Euro op de Kapp. Mëtteg maachen mir zu Esch/ Sauer . De Menu “à sec” kascht 30 Euro. Nomëttes steet zur freien Verfügung. Trëppelen oder eng Visite vun engem vun deenen villen Muséeën stinn zur Auswiel.

Samschdeg an Sonndeg, den 8./9. August 2020:

Schaff-Weekend um Bierg mam Grupp. Et geet drems Maintenance-Aarbeschten ronderem de Chalet ze machen an verschidden Beem , déi dem Borkenkäfer zu Opfer gefall sinn, ze fällen.

De Weekend fänkt Samschdes um 9h un an hällt Sonndes am Nomëtten op. Déi di wëllen kennen am Chalet iwernuechten. All Hëllef ass wellkomm.

Mellt Iech w.e.g. beim Claire (621 68 39 99) un fir daat d’Iessen kann organiséeiert gin.

Sonndeg, den, 16. August 2020:

Trëppeltour op Lasauvage. Rdv. Um 14:00 Auer zu Lasauvage op der Parkplaz bei der Schoul.

Méindeg, den 7. September 2020:

Comité. Mir treffen eis um 20:00 Auer am Home.

Samschdeg, den 12. September 2020:

Generalversammlung am Home. Mir treffen eis um 19:00 Auer am Home.

Samschdeg, den 3. Oktober 2020:

Franziskusmass. Wie schonns méi oft feiere mir eis Franziskusmass um Bierg um 15:30 Auer.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top