Scoutsziedel

Fir iech alleguer:
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten invitéieren Iech den 26. an 27. Mee all Kéier vun 10°° bis 19°°ob den “BEALTAINE” um Neihaischen. Dëse Keltefestival gëtt fir déi fënnefte Kéier organiséiert. Wat gëtt do gebueden? E Kelten Duerf mat Animatioun a Verkafsstänn / Live Musik /Atelieren wéi Mënz maachen, Brout baken… Kanner enner 12 Joer si gratis, iwer 12 kascht et 2 Euro an déi Erwuessen bezuelen 6Euro. P.S D’CaraPio, d’RaRo d’Chef an d’Matarbechter fueren Samschdes dohinner (liest bei Mataarbechter….) Weider Infoen fannt dir op: www.bealtaine.lu

Fir all d’Wëllefcher:
Ahoi dir Piraten an Freibeuter, nodeems mir eisen Kapitäin gerett hun ward elo schon die nächst Missioun op iech. Mir Chef,  sin eis nach net ganz eenz waat eisen Kapitäin do eigentlech fonnt huet. Kommt den 19.Mee alleguer vun 14°° bis 16°° ob de Prënzebierg an hëlleft eis d’Rätsel ze léisen. Den 26. Mai an den 2. Juni as keng Versammlung. Dofir gin mir dann den 9. Juni vun freet an d´Luut, wëll mir treffen eis schon um 12h40 zu Peiteng ob der Gare an sin owes geint 17h30 rem zerëck. Fiirwetzeg ?? Da waard bis den nächste Ziedel da gess du méi gewuer. Arrrgh.

Fir all d’ AvEx:
Leif AvEx, mir hunn den Samschden, 19.05, vun 14:00 bis 16:00 Versammlung. Et ass den Oofschloss vun eiser Galileo Galilei Entreprise. Mir probeieren do den Galileo virun der Inquisitioun ze retten. Brengt e Bidon Waasser mat! Samschdes den 26.05 hunn mer keng Versammlung, well do d’Vakanz ufänkt.

Fir all d’CaraPio:
Den 19.Mee: Moies Pobeiersammlung a vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Didd Gezei un waat ka knaschteg gin. Lies och bei: Matarbechter…….

Fir all d’RaRo:
Den 19.Mee: Moies Pobeiersammlung a vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Lies och bei: Matarbechter…….

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg de 19.05 ass Pobeiersammlung, rd.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. D’läschte Kéier waren zimlech fill Leit do dat war gutt, nach e puer weider dat wier SUPER!
Den 26.Mee fueren mir zesummen op de Beltaine.De Grupp bezillt jidferengem den den 19. op der Pobeiersammlung ass den Entrée (fir den 26.5). Mir treffen um 14.00 an Uniform zu Péiteng op der Gare. Mathuelen: Jumbokaart, Täschegeld an Suen fir d’Entrée ze bezuelen. Géint 20°° si mir nees zerëck.
Hei de genauen Zuchplang
Dohin:14:09-14:34 Quai 9 14:39-15:17  Zerëck:18:35-19:13 19:26-19:50

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top