Infoziedel bis den 11. Juni 2022

Fir Iech alleguer :

Erlieft en flotten Dach mat der Famill um Keltenfestival „Bealtaine“ um Neihaischen. De ganze Weekend vum 4 a 5 Juni kennt dir och an der Famill dohi kommen an Ateliers, Shows, Musek, Iessen a Gedrénks genéissen. Méi Infos op www.bealtaine.lu

Fir d’Wëllefcher

No der Päischtvakanz gi mir de Samschde 4 Juni op de keltesche Festival Bealtaine um Neihaischen. Do kann een elauter flott Spiller an Ateliere maache fir ze léieren an ze entdecke wéi d‘Kelten deemools gelieft hunn. Mir treffen eis um 13:00 ënne beim Prënzebierg wou mir a Fuergemeinschafte fort fueren. Mir wäerte fir 17h erëm dohin zréck kommen. Mathuelen: Klenge Rucksak mat Bidon a Waasser, dem Wierder no undoen (Sonnenhutt a Sonnecrème net vergiessen) , bequeem Schong. Den Entrée ass fir eis gratis mee dir kennt bis zu 10€ Täschegeld mathuele fir eppes ze iessen ze kafen. Mellt Iech w.e.g bis den 1 Juni beim Alex ( 691 177 773) un fir dat mer d’Autoe besser opdeele kennen.

De Samschden drop den 11 Juni ass normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Léiw AvEx :

Fir d’Avex

Och mir ginn de Samschde 4 Juni op de keltesche Festival Bealtaine um Neihaischen an erliewen en Daach matten am Keltenduerf. Mir treffen eis um 13:00 ënne beim Prënzebierg wou mir a Fuergemeinschafte fort fueren. Mir wäerte fir 17h erëm dohin zréck kommen. Mathuelen:
Klenge Rucksak mat Bidon a Waasser, dem Wierder no undoen (Sonnenhutt a Sonnecrème net vergiessen) , bequeem Schong. Den Entrée ass fir eis gratis mee dir kennt bis zu 10€ Täschegeld mathuele fir eppes ze iessen ze kafen. Mellt Iech w.e.g bis den 1 Juni beim Fränz ( 691 942 484) un fir dat mer d’Autoe besser opdeele kennen.

De Samschden drop , den 11 Juni, ass moies Pabeiersammlung (kuckt bei Fir d‘ CaraPio, RaRo, Albatrossen, …) a mëttes normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg.

Fir d’CaraPio

Och mir ginn de Samschde 4 Juni bei d’Kelten op de Bealtaine laanscht luussen. Mir treffen eis um 13:00 ënne beim Prënzebierg wou mir a Fuergemeinschaften fort fueren. Mir wäerte fir 17h erëm dohin zréck kommen. Mathuelen: Klenge Rucksak mat Bidon a Waasser, dem Wierder no undoen (Sonnenhutt a Sonnecrème net vergiessen) , bequeem Schong. Den Entrée ass fir eis gratis mee dir kennt bis zu 10€ Täschegeld mathuele fir eppes ze iessen ze kafen.

Mellt Iech w.e.g bis den 1 Juni beim Gilles un fir dat mer d’Autoe besser opdeele kennen. Wann dir méi laang wéi d’Wëllef an d’Avex bleiwe wëllt , kënnt dir mam ëffentlechen Transport zréck fueren. Depart 18:05 Bus 122 um Arrêt „Iewescht Neihaischen“ bis Sandweiler Arrêt „Kiirch“ , vun do um 18:28 Bus 160 bis Arrêt „ Luxembourg, Gare Rocade“. No engem klenge Fousstour vu 5 min bis op d’Gare Centrale kennt der dann den Zuch RB5068 um 18: 50 Richtung Athus huele mat Arrivée um 19:13 zu Péiteng. Dëss Zäite kennen nach änneren dofir kuckt léiwer virdrun nach eng Kéier op mobilitéit.lu no.

Fir d’RaRo

De Samschden 11.06 ass moies Pabeiersammlung , kuckt dofir bei „ Fir d’CaraPio, d‘RaRo, d’Albatrossen,…“ mëttes ass normal Versammlung vu 14-16h

Den Samschden 04.06 sinn der e puer vun eis um Bealtaine fir ze hëllefen, duerfir hunn mir keng Versammlung. Den Samschden 11.06 as moies Pabeiersammlung , kukt dofir bei „ Fir d’CaraPio, d‘RaRo, d’Albatrossen,…“ an mëttes ass normal Versammlung am Chalet.

Fir d’Chef

De Mëttwoch 1.6 ass Grupperoot um 20h am Chalet.

Fir d‘ CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

De Samschden 11.06 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)Vilmols merci fir äer Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top