Infoziedel bis de 25. Juni 2022

Pour tous les membres

En Donneschden den 23. Juni ass Nationalfeierdag. D’Gemeng an d’Veräiner vu Péiteng hunn e grousse Programm fir dëst ze feieren. Och mir huelen als Guiden a Scouten un de Feierlechkeeten deel.

All Memberen , vu Wëllefchen , Avex, …bis Chef solle bei dem offizielle Programm matmaache fir eise Grupp ze representéieren. Mir treffen eis Donneschdes den 23. Juni an Uniform+Foulard (wien eng huet) um 10:15H zu Péiteng virun der Gemeng op der grousser Platz. Vun do gi mir am Cortège an d’Kierch fir den Te Deum. Duerno geet et erëm am Cortège zréck op d’Gemengeplaz wou et en gëtt . Den offiziellen Deel ass géint 12 H eriwwer. D’Kanner an di Jonk kenne mat hiren Eltere vun den Iess- a Gedrénksstänn profitéieren, de Concerts nolauschteren an natierlech am Park op eis Statioune spille kommen. Wëll Nomëttes organiséiere mir vu 14H-18H Spill an Spaass am Péitenger Park. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu.

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Mataarbechter, a Chef

Fir d’Spiller am Park brauche mir Hëllef beim op-an ofriichten a beim encadréiere vun de Kanner. Dëss Spiller si fir eis eng Reklamm-Aktioun fir de Kanner aus der Gemeng Loscht op de Scoutismus ze maachen. Déi Leit, déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 23 Juni um 10H zu Rodange bei der Garage fir d’Material anzelueden an nach Saache mat der Camionnette an de Chalet sichen ze goen.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher, dëse Samschden 18 Juni treffe mir eis wéi gewinnt vun 14-16h um Prënzebierg. Denkt drun den 23 Juni op den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag ze kommen, mir zielen op Iech. Dofir gi mir de Samschde 25 Juni zesummen an d’Schwämm. Mir treffen eis dofir um 14h zu Péiteng um Prënzebierg a si fir 17h erëm zréck. Dir braucht en Rucksak mat äre Schwammsaachen (Maillot, Duch, Seef) an Äermercher, wann dir der braucht, an 10€ Täschegeld . Dir musst Iech beim Alex ( 691 177 773) dofir umellen.

Dir kënnt Iech ausserdeem och schonn ob den nationale Wëllefchersrallye dëst Joer freeën. Deen ass de Sonnden 03. Juli ronderëm de Stauséi. Méi Infoen dozou kommen um nächste Bréif.

Markéiert Iech och schonn di Woch vum 18 bis den 23 Juli am Kalenner. Wëll do gi mir op de Summercamp op Monnerech.

Fir d’Avex

Salut AvEx, den 18ten an de 25ten Juni hunn mir zwou normal Versammlunge wei gewinnt vu 14:00-16:00h bei eisem Chalet, sidd gespaant a losst Iech iwwerrasche wat mir wëlles hunn. Denkt drun den 23 Juni op den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag ze kommen, mir zielen op Iech.

Ech si frou Iech och elo annoncéieren ze kennen dass mir dëst Joer zesumme mat de Käerjenger Avex en Camp zu Eschduerf wäerten hunn. De Camp ass vum 18. Juli bis de 26. Juli a kascht 150€. W.e.g mellt Iech schrëftlech op folgender Nummer un 00352691942484 an iwwerweist den éischten Acompte vu 50€ bis den 30. Juni op d’ Kontosnummer vun de Péitenger Guiden a Scouten (IBAN LU67 0019 6803 7218 2000).

Fir d’CaraPio

E Samschden 18. Juni treffen mer eis um 14:00 um Bierg an fueren da mam Auto op Duelem bei d’Renée Lippert eis Schosselen laséieren. Daat ganzt dauert ca. 2 Stonnen an mer wärten géint 17:00 nees um Bierg sinn. Mellt ierch w.e.g. spéitstens zwee Deeg am viraus beim Christophe (691712591) unn well hien d’Versammlung alleng hällt.


En Donnegden 23. Juni maache mer mat den anere Branche mat beim Programm fir Nationalfeierdag:
Feierlechkeete Moies a Spiller mëttes. D’Detailer stinn an dësem Bréif uewen bei „Fir Iech alleguer“.
E Samschden 25. Juni gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Fir déi Versammlung ass d’Umeldung nees wéi gewinnt beim Gilles, den Dag virdrunn.

Fir d’RaRo

Mir hunn di nächst Samschdeger de 18.06, 25.06 normal Versammlung um Prënzebierg. Den 23 Juni gëtt är Hëllef gebraucht fir d’Spiller am Park ze organiséieren an d’Scoute beim Te Deum ze representéieren..

Fir d’Albatrossen

Mir treffen eis de Freiden 17.06 um 19h zu Rodange bei der Garage. Bréngt e Campingstull an äert Gegrills mat.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top