Infoziedel bis den 9. Juli

Léiw Wëllef :

Den nächsten Samschden den 02 Juli ass keng Versammlung well mir Sonndes de 03. Juli op Lëlz (Lultzhausen) op den nationalen Wëllefchersrallye ginn. Dofir treffe mir eis Sonndes moies um 7h30 zu Péiteng ënne beim Prënzebierg wou mir an enger Fuergemeinschaft fortfueren. Huelt ee klenge Rucksak mat Picknick, e Bidon mat Waasser, eng Kapp, a Sonnecrème mat. Optimal ass et wann der är Uniform+Foulard a bequeem Schong unditt. Mir sinn erëm Sonndes owes um 18h15 zréck zu Péiteng. Mellt Iech w.e.g. beim Alex (691 177 773) un. Den Samschden 09 Juli ass erëm eng ganz klassesch Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg.

Duerno fänkt d’Summervakanz un a mir ginn op de Camp zu Monnerech vum 18-23 Juli . Denkt drun Iech beim Alex (691 177 773) unzemelle wann der matgitt. Dir kennt gären all är Froe mam Alex beschwätzen. Et kennt awer och nach en Ziedel speziell fir de Camp.

Léiw AvEx :

Nächste Samschde gi mir leider net op den Absurdcup well sech net genuch Avex ugemellt hunn. Dofir hu mir eng flott Alternativ: Léif Avex haalt Iech prett fir de Samschden 02 Juli eng flott Entdeckung zu Leideleng am Scoutschalet ze maachen! Depart ass moies um 9:05h zu Péiteng op der Gare. Matbrénge sollt dir 6 Euro, eng Gamell, optional en klenge Rucksak an Kleeder déi dem Wierder ugepasst sinn (Kapp a Sonnecrème net vergiessen). Mir sinn dann erëm um 16h zréck zu Péiteng op der Gare. Den Samschden 9 Juli ass moies Pabeiersammlung a mëttes normal Versammlung vun 14-16h.

Di Woch drop ass schonn Zäit fir de Camp, denkt drun Iech beim Fränz um 00352 691 942 484 unzemelle fir de Camp zu Eschduerf vum 18 bis de 27 Juli 2022. Wieder Infoe speziell fir de Camp kommen am nächsten Ziedel.

Léiw CaraPio :

E Samschden, 2. Juli gesi mer eis um 14:00 um Prënzebierg. Mer kucken an eisem Sall e Film
an uschléissend grille mer fir d‘Owesiessen. Dofir dauert d’Versammlung méi laang, bis mer giess hunn. Bréngt dat mat wat dir wëllt iessen an drénken. Wann der e Wonschfilm hutt, sot dem Gilles fréi genuch Bescheed fir dass dee virbereed ka ginn. E Samschden, 9. Juli moies hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail wieder ënnen. Nomëttes hu mir normal Versammlung vun 14-16h. Mëllt Iech beim Gilles un.

Léiw RaRo :

Den Samschden 02 Juli fält d‘Versammlung aus. Den Samschden 09.07 ass moies Pabeiersammlung, kuckt dofir bei „ Fir d’CaraPio, d‘RaRo, d’Albatrossen,…“ a mëttes ass normal Versammlung am Chalet.

Fir d‘ CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

De Samschden 09.07 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Villmools Merci fir är Hëllef.

GRILLEN UM KUELBECHER HAFF, de Sonnden 10. Juli
Aperitif ab 11 Auer. De Kommitee vun der Guilde këmmert sech ëm d’Feier, ee kale Frigo, en Aperitif an den Dessert mat Kaffi. Gegrills , Zaloten a Gedrénks bréngt jidderee mat …. Deelen an Tauschen ass awer erlaabt. Et wier ganz flott wann och Chef, Albatross a RaRo komme fir sech kennenzeléieren an eng gutt Zäit mateneen ze verbrén gen .

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top