Infoziedel bis den 21 Januar 2023

Fir Iech alleguer

Léif Memberen haalt Iech schonn emol dëst Datumer op ärem Kalenner fräi:

Buergbrennen: Eist traditionellt Buergbrennen ass dëst Joer de Samschde 25 Februar. Detailer kommen an engem extraen Infoziedel no.

Theater: Eisen Theater am Home St. Hubert zu Péiteng fënnt dëst Joer Freides den 3 Mäerz a Samschdes de 4 Mäerz statt. D’Virbereedungen a Prouwe lafen awer schonn deelweis am Januar a Februar un, fir dat mer och prett sinn. Fir di Jonk vu Biber bis CaraPio wäert et dëst Joer e bëssen anescht ewéi soss sinn. Mir spillen nämlech ee grousst Stéck mat allen Branchen zesummen. Iwwerleet Iech dofir schonn ob Dir kënnt matspillen, fir an deenen nächsten 2 Woche kënne Bescheed ze soen. Déi éischt Prouwen dofir sinn:

  • Méinden den 23. Januar
  • Donneschden de 26. Januar
  • Méinden 30 Januar
  • Donneschden 2 Februar
  • Dënschden 07 Februar
  • Freiden 10 Februar

Do kommen nach Prouwen am Februar no. Well mir awer nach net wësse wien vun Iech a wéi enger Szeen matspillt, kann et sinn dass dir ob verschiddene Prouwen net musst kommen. Dat kritt dir dann, zesumme mat den Auerzäiten, matgedeelt wann dir är Roll kritt.  

Hei nach e puer Matdeelungen:

  • Leschte Rappel : Cotisatiounen

Nëmmen duerch d’bezuele vun der Cotisatioun ass äert Kand bei de Scoute verséchert. Fir déi di et nach net gemaach hunn, iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15€ fir dat eelst Kand an 12€ fir déi aner Kanner op eise Konto : LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000, mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

  • Matdeelung un d‘Elteren

Mir soen den Eltere Merci dat si hir Kanner fir d’Versammlungen um Prënzebierg mam Auto just bis ënne bei d’Schinne vum Train 1900 féieren. Kanner kënnen zesummen de Wee bis erop trëppelen, wëll beim Chalet si wéineg Méiglechkeete fir  mam Auto ze dréinen oder ze parken. Merci fir äert Versteesdemech.

Fir d’Biber

Den 14. an 21. Januar hunn mir wei gewinnt Versammlung vun 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Mir freeën eis mat iech zesummen an dat neit Joer ze starten. Denkt drun iech dem Wieder no unzedoen. Et ka sinn, dass och wann et reent mir d’ Versammlung dobausse sinn.

Fir de Camp: Denkt och drun iech den Datum vum Camp frei ze halen. En Datum fir den Elterenowend kennt am nächste Bréif. Wéini: 18. – 22.07.2023 Wou: um Sennengerbierg Präis: 140 €  Bis den 01.02.2023 muss dir äert Kand beim Claire Zwick (691309108) umellen.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher dëse Weekend ass et erëm esou weit. De 14. an den 21 Januar ass erëm Versammlung um Bierg vu 14-16h , mir hoffen dir hutt Iech iwwert d’Vakanz gutt erholl. Denkt drun dat mir deemnächst Theater spillen. Kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“ a sot eis Bescheed op dir matspillt.  

Fir d’Avex

Samschdes, de 14.01 an den 21.01 hu mer Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Fir déi Kanner déi an der Schivakanz sinn, denkt drun är Elteren ze froen op der kennt beim Theater matspillen an eis dat ze soen. Kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“.

Fir d’CaraPio

De 14 Januar hu mer normal Versammlung vu 14-16h um Bierg. Den 21 Januar gi mer an d’Kockelscheier Schlittschong fueren. Dir kennt 5€ Täschegeld fir e Snack mathuelen. Mellt Iech wannechgelift bis zum 21 Januar dofir un. Den 28 Januar a 4 Februar fält Versammlung aus. Kuckt och bei „Fir Iech alleguer“ a sot eis Bescheed op dir beim Theater matspillt.  

Fir d’RaRo

De 14-15 Januar ass eise RaRo-Albatross Monteesweekend. Mellt Iech w.e.g. beim Ben un fir dass mir d’Iessen organiséiere kennen. Déi, di ugemellt si , kréie wieder Informatiounen iwwert den Oflaf vum Weekend. De Samschden 21 Januar hu mir normal Versammlung

Fir d’Albatrossen

De 14-15 Januar ass eise Monteesweekend. Mir wäerten do nei Albatross wëllkomm heeschen. Mellt Iech w.e.g. beim Ben un fir dass mir d’Iessen organiséiere kennen. Detailer kommen no. De Freiden 20.01 treffe mir eis um 20h beim Chalet.

Fir d’Chef

De Mëttwoch 11.01 ass Grupperot um 20h am Chalet.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Merci fir ären Asaatz bei der leschter Pabeiersammlung

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top