Scoutsziedel

Fir iech alleguer :

1)Cotisatiounen:

Et ass nees un der Zeit fir de Joresbeitrag ze bezuelen. Des Suen gin intégral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass ärt Kand versechert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft gescheckt.

Iwerweist w.e.g bis den 25. November, 14 Euro fir daat eelst Kand, 11 Euro fir daat zweet an 9 Euro fir all weidert Kand op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbei ze schreiwen. Villmols Merci !

P.S. D’Matarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mecht daat fir sie als kleng Unerkennung fir hir Arbecht.

Le moment est venu de payer la cotisation annuelle. L’argent qui est intégralement versé à la fédération nationale des scouts sert à assurer nos membres, et à financer les journaux d’information qui sont envoyés périodiquement. Veuillez verser jusqu’au 25 novembre 14 Euros pour l’enfant aînée, 11 Euro pour le deuxième et 9 Euro pour vos autres enfants sur notre compte bancaire. Veuillez indiquer le nom de vos enfants. Merci d’avance !

LGS Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

2)Bazar/Nikloosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Nikloosmaart. Dëst Joer ass de Maart vun Freides owes 30.11 bis Sonndes 2.12. Mir fréen eis op äre Besuch! Och dest Joer kennt dir nees en Adventskrantz bestellen. Détailer komme gleich.

Le marché de St.Nicolas aura lieu du vendredi 30.11 jusque dimanche 2.12. Cet nous ferait plaisir de vous voir sur place. Il vous est possible de commander une belle couronne d’avent. Lors de la prochaine lettre vous aurez plus d’informations.

Fir all d’Biberen:

Kommt alleguer den 17. an den 24. November an d’Bibberbuerg um Prënzebierg, do erliewe mir vun 14°° bis 16°° Auer vill nei Sachen mat Spill a Spass. Den 1. Dezember ass winst dem Nikloosmart  keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kenns.

Fir all d’Wëllefcher:

Salut, nächste  Samschdeg den 17.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 24.November gi mir an den Natur Musée! Mir treffen eis um 13.15 Auer zu Péiteng op der Gare. Um 18°° si mir nees zerëck. Didd iech dem Wieder no un.

Den 1. Dezember ass winst dem Nikloosmart  keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kenns

Fir all d’ AvEx:

Salut, déi zwee nächst  Samschdecher den 17.  an 24.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 1. Dezember ass winst dem Nikloosmart  keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kenns

Fir all d’CaraPio:

Salut, déi zwee nächst  Samschdecher den 17.  an 24.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Lies och bei: Fir all d’Chef/Matarbechter/CaraPio a RaRo  . An der Versammlung vum 24. kucke mir wen wini um Bazar hëlleft.

Fir all d’RaRo:

Salut, déi zwee nächst  Samschdecher den 17.  an 24.November hu mir 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Lies och bei: Fir all d’Chef/Matarbechter/CaraPio a RaRo. An der Versammlung vum 24. kucke mir wen wini um Bazar hëlleft.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

D’Prépartiounen fir de Bazar  fänke geschwënn un, do brauche mir deng Hëllef! Samschdes den 24.11 treffe mir eis moies um 9°° beim aale Pomjeesbau vun do aus fuere mir Dennereiser schneiden. Nomettes wier et super wann d’Matarbechter eis och nach kéinten um Prënzebierg hellefen.An der Woch vum 26. November schaffe mir vu Méides bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Freides,Samschdes a Sonndes brauche mir och Deng Hëllef. Elo schons en decke MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top