OPGEPASST AM LÄSCHTEN ZIEDEL HAAT SECH E FEHLER AGESCHLACH DUEFIR ELO DESN NEIEN ZIEDEL.

Fir iech alleguer:

OPGEPASST AM LÄSCHTEN ZIEDEL HAAT SECH E FEHLER AGESCHLACH DUEFIR ELO DESN NEIEN ZIEDEL. LIEST E W.E.G GANZ ET SIN OCH NEI INFORMATIOUNEN DERBEI

Friddenslicht

Samschdes den 22. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekress  oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen.

No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht.

Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform firun der Kiirch. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom!

Fir all d’Biberen:

Samschdes den 15.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Den 22.12 treffe mir eis um17.30 an Uniform zu Péiteng an der Kiirch, mir gin  zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen.

Fir all d’Wellefcher:
Samschdes den 15.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Et wier superflott wann är Elteren fir 15.30 Auer op de Bierg kéimen fir e besse mat eis ze poteren en Téi ze drenken… Dot iech dem Wieder no un, mir sinn fill dobaussen.  Den 22.12 treffe mir eis um17.30 an Uniform zu Péiteng an der Kiirch, mir gin  zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen.

Fir all d’AvEx:

Samschdes den 15.12. hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg, brengt de Schlitt mat awer nemme wa Schnéi leit. Samschdes den 22.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, didd duefir är Uniform un.

Fir all CaraPio:

Samschdes den 15.12 treffe mir eis  um 14°° an der Kirch. Mir riichten d’Krëppchen an der Kirch op. Samschdes den 22.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, didd duefir är Uniform un.

Carapio Sueden goes Struthof
Waat: En Weekend am Alsace mat Visite vum KZ-Struthof
Weini: 1. – 3. März 2013  Preis: Maximal 70EUR
Umellen: Per Iwerweisung vun 25EUR bis den 4. Januar ob den  folgende Konto:

LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Kommunikatioun: Struthof   Acompte an ären Numm

Mei Detailer kommen no.

Fir all RaRo:

Fir déi RaRo wou net Chef sin:Samschdes den 15.12 treffe mir eis  um 14°° an der Kirch. Mir riichten d’Krëppchen an der Kirch op. Duerno hu mir alleguer vu 16°°-18°° Versammlung. Samschdes den 22.12  treffe mir eis um 17°° fir un der Kirch bereeden alles fir d’Friddensliicht fir, waat mir duerno verdeelen.

Den 29.12 hu mir eng Spezialversammlung vun 15°° bis 20°° um Bierg.

Fir d’Chef:

Mir hun en Donneschdeg den 13.12 Grupperot um 20°° um Bierg.

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:

Hei sin d’Datumer vun de Pobeiersammlungen 2013:12.01/ 9.02/ 16.03/ 20.04/ 11.05/ 8.06/ 27.07/ 24.08/ 21.09/ 19.10/ 16.11/ 7.12  Liest och bei: Fir iech alleguer

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top