Programm vun der Guilde vum Mee 2013

Elteren vun eise Memberen,RaRo, Chef a Frënn vun de Péitenger Guiden a Scouten sin härzlechst agelueden bei eisen Aktivitéite matzemachen.

2. Mee 2013: Keelenowend:

R.d.v um 20°° am Café Porte de Lamadelaine

9. Mee 2013 Familljensortie op d’Bilschdrefer Guide Kirmes :

Mir fueren Christi-Himmelfahrt op d’Bilschdrefer Guide Kirmes. Hei de Progamm: Mass um 11°°, duerno Mëttegiessen, vum Grill oder Menu.Mettes e Fousstour an der Ëmgéigend. Och fir Leit déi net gär trepplen gëtt vill Animatioun gebueden.

Winst dem Menu: Gefëllte Kallefsbreschtchen mat Gromperegratin an duerno engem Steck Taart fir 18 Euro ass et wichteg dass dir iech beim Martine um 503271 umellt.

Den Rendez-vous  ass um 9.30 Auer zu Péiteng op der Maartplaz oder um 10.45 Auer zu Bilschdref.

17. Mee 2013  Generalversammlung:

D’Gerenalversammlung ass zu Péiteng um Prënzebierg. Kandidaturen fir Comitésmember hëllt eise President, Georges Scherer bis zum Ufank vun der Versammlung gär entgéint.

18. Mee 2013 Mass fir d’Madame Irène Céolin:

Um 17.30 Auer léisst d’Guilde d’Mass fir hir laagjäreg Member d’Madame Irène Céolin liesen

15-22 Juni 2013  45. Europäeschen Forum vun den Guilden zu Grossarl:

Fir Informatiounen wend iech w.e.g un d’Martine Tel.:503271

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top