Scoutsziedel bis den 8.März 2014

 Invitatioun:

Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien …… op eis traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e SAMSCHDEG den 8. März. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang. Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen,den Grill steet schons prett.

Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu SAMEDI le 8 mars. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Fir Iech alleguer: Eisen Theater war en vollen Erfolleg. D’Stëcker vun de Branchen an daat grousst Stëck sin gudd ukomm. Alles huet super geklappt. MERCI fir DEIN Asatz egal op, op der Bühn oder soss iergendwou et war eng schéin Zesummenarchet wou een op den aneren zielen konnt, esou wéi daat bei de Scoute soll sin.

Fir all d’Biber: Nächste Samschdeg de 1. März hu mir mat neier Energie no enger hoffentlech erhuelsamer Vakanz vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 8. März hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer )

Fir all d’Wëllefcher:Nächste Samschdeg de 1. März vun 14°°- 17°° eng gäckeg Fuesversammlung um Prënzebierg. Wëll mir Chef eis verkleeden ass et gär gesinn wanns du dech och verkleeds, denger Phantasie si keng Grenze gesaat just Waffe welle mir keng gesinn mir si jo Scouten J. Breng gudd Laun matt, fir de Räscht suerge mir. Samschdes den 8. März hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer )

Fir all d’AvEx:Nächste Samschdeg de 1. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 8. März hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt.(Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer)

Fir all d’CaraPio:Nächste Samschdeg de 1. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebieg, mir sichen eng nei Entreprise. Winst der Pobeiersammlung an dem Buergbrennen liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef!

Fir all d’RaRo: Nächste Samschdeg de 1. März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebieg Winst der   Pobeiersammlung an dem Buergbrennen liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef!

Neies aus der Guilde:  Samschdeg, den 1. Mäerz 2014 ass Uucht:Mir treffen eis um 20 Auer um Prënzebierg am Chalet. Thema: Projet Odyssée (2. Deel). Eis Memberen vum Grupp presentéieren hier Erliefnesser aus aneren Länner vun dessem Projet.

Fir all d’Matarbecher,d’Guilde, d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:E Samschden den 1. März ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Hoffentlech kenns DU eis hëllefen! Elo schons en dëcke MERCI!Samschdes den 8.März  richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet.

Fir all d’Chef:Opgepasst de Grupperot ass NET de 26.2, en ass Méindes den 3.3 um 20°° beim Guy.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top