Scoutsziedel

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, wei ungekenegt gin mir nächste Samschdeg den 29.03. op Réiser bei dei Diddlenger Scouten fir mat hinnen en flotten Moien ze verbrengen.  Départ ass em 8:30 zu Péiteng op der Gare.  Vun do aus huele mir den Bus bis op Réiser.  Retour ass géint 14 Auer zu Peiteng op der Gare.

Mathuelen: E klengen Rucksaack mat Waasser an engem Picknik fir mettes. Vergiesst net gudd Laun matzebrengen.Mellt iech w.e.g bei dem Claire un, op der Nummer 691309108 ab 17:00 et ass wichteg dass dir pünklech op der Gare sidd fir den Départ !!

De 05.04 ass keng Versammlung, well do d’Ouschtervakanz ufänkt.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, wëll mir dei läscht zwou Wochen esou vill un eisem Chalet gepinselt hun gi mir dese Weekend als Belounung an den Kino dofir treffe mir eis de 29.03 um 13h30 ob der Gare z Péiteng. Mir gin “Die Abenteuer von Mr. Peabody & Sherman” ob Belval kucken.Mir sin um 16h20 rem zreck ob der Gare zu Péiteng. Ticket bezuelen mir. Du muss just 8€ Täschengeld fir eppes z’iessen an ze drenken mathuelen. De 05.04 ass keng Versammlung, well do d’Ouschtervakanz ufänkt.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, e Samschdeg, den 29.03 hu mer wei gewint Versammlung vun 14:00 bis 16:00 um Bierg. De 05.04 ass keng Versammlung, well do d’Ouschtervakanz ufänkt.

Den 25-27 Abrëll geet et mat den Käerjenger Avex op de Weekend. Lass geet et de 25. Abrëll um 19:00 Auer beim Scoutschalet zu Péiteng, d’ Elteren gesinn mer dann Sonndes den 27.Abrëll op der Gare zu Péiteng um 18:15 rëm. Umeldung bis den 18. Abrëll beim Fränz op der Nummer : 691 942 484 Weider Detailer kommen am nächsten Bréif.

Fir all d’CaraPio:

Samschdes den 29.3 ass KENG Versammlung.Fir all déi Leit wou sech fir de Jocapi ugemellt hun:Endlech ass et nees esou wäit, mir ginn op d’Jocapi zu Leideleng! Am Ganze sinn mir deen Dag zu méi wei 250. RDV ass Sonndes den 30. März um 8:30 zu Péiteng bei der Gare. Moies wa mer zu Leideleng ukommen kréie mir nach Kaffi/Schoki an e Kichelchen. D’Jocapi ass geint 17:00 fäerdeg an da fuere mer neess mam Zuch op Péiteng. Mathuelen: Gamelle & Becher, Uniform & Foulard, Täscheluucht, fest Schong, Kleeder fir bei all Wieder (fir Erkaaltener och roueg méi waarm), Bidon mat Waasser, Täschemesser.

Samschdes de 5.Abrëll ass Pobeiersammlung.Rdv wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. En decke Merci fir DENG Hëllef!

Eis nächst Versammlung, no der Vakanz, ass den 26. Abrëll. Fir den Atelier an deem mir Feierstarter selwer maachen braucht dir 1 Eerkëscht, 1 aal Käerz déi mer kënne schmëlzen an e puer Gräpp voll Fusemen déi der kënnt vum Filter an ärem Trockner sammelen

Fir op de Kalenner: Iron Scout. Dese 65k.m Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell DECH beim Kim um 621197160 un.

 Fir all d’RaRo: 

Den 29.03 hun mier normal Versammlung vun 16-18h. Denkt un all äer Saachen zum Thema Camp, Weekend, Versammlungen, etc..Waat dier an nächster Zait emmer rem wäert brauchen daat ass Gezei fier knaschteg ze gin an Schaffhändchen….. Den 5. Abrëll ass Pabeiersammlung sidd w.e.g. do. Well mier maachen des Aarbecht net fier naischt mee fier dass Camp oder Aktiviteiten mei belleg kennen gin. Den 5. Abrell hun mier keng Versammlung.

Fir op de Kalenner: Nationalen RaRo W.E um Neihaischen wou 45 Joer Route gefeiert gin. Vum 2.5-4.5 Daat ganzt kascht 50 Euro op de Kapp. Mell dech bis den 19. 4 beim Kim um 621197160 oder beim Yannick um 691886622 per SMS un a gëff déi 50 Euro + fiche médicale bei hinnen of.

Iron Scout och fir RaRo!!! Dese 65k.m Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell DECH beim Kim um 621197160 un.

Neies vun der Guilde: 

Samschdeg, den 29. Mäerz 2014 ass Sortie op Schuller:Infoen am läscht Bréif oder op www.lgspeiteng.com Ouschterméindeg, den 21. Abrëll ass SortieDépart mam Zuch um 13.22 Auer zu Péiteng op der Gare fir op Uewerkuer.De Fousstour op Péiteng zeréck ass ongeféier 9 km.Donneschden, den 24. Abrëll 2014 ass Keelenowend Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:

Samschdes de 5.Abrëll ass Pobeiersammlung.Rdv wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. En decke Merci fir DENG Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top