Scoutsziedel bis de 14. Juni

Fir iech alleguer:

20100521bealtaineD’Letzebuerger Guiden a Scouten invitéiren de 7. an 8. Juni op de groussen Keltefestival de Bealtaine um Neihaischen. De ganzen Daag gi flott Aktivitéite fir grouss a kleng gebueden. Weider Informatioune fannt dir op: www.bealtaine.lu

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 24. an den 31. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Well mir fill dobausse sin, ass et wichteg dass dir iech dem Wieder entspriechend undidd. Denkt och dru gudd fest Schung unzedoen. De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht.

Fir all d’Wëllefcher:

Den nächsten Samschdeg, den 24.Mee ass wèi gewinnt Versammlung um Bierg vun 14°°-16°°.

Samschdes den 31. Mee fuere mir op Déifferdeng an d’Schwemm. Mir treffen eis um 13.45 an Uniform (wann dir eng hutt) zu Péiteng op der Gare. Matbrengen: Schwammsachen, Ärmecher fir de Fall wou dir iech net secher sidd, eng enk uleiend Schwammbox an 12 Euro fir d’Entree an Täschegeld. Mir sin um 18:05 Auer nees zu Péiteng op der Gare.

De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht.

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 24. an den 31. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. WICHTEG:Fir d’Versammlung vum 31. Mee, muss jiddereen e Schwammbrell matbrengen.

De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht.

Fir all d’CaraPio:

Mir gratuléieren de Member aus eisem Grupp déi um Iron Scout getrëppelt sinn! Zesumme si si 332 Kilometer gaang an hunn 1100€ fir de gudden Zweck gesammelt. Bravo!

De 24. an 31. Mee ass Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg. Denkt drun fir de 24. Är Ideen an d’Material fir d’Versammlung matzebrengen déi dir firbereed hut, och e Becher an äert Täschemesser.

De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht. De 7. Juni ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

Fir all d’RaRo:

Den 24. Mee hun mier wei gewinnt 16°°-18°° Versammlung. Brengt Schaffhändschen mat.

Den 28. Mee ass den Rarotreff zu Duelem ( bei Filsdorf) Umellen bis den 24. Mee beim Yannick (691886622) oder beim Kim (621197160). Weider Infoen kritt dier dann. (P.s. Den 29. ass Christi Klamm-op-Daag , also genuch Zait fier auszeschloofen) . Dir kennt awer och gären op d’Guidekiirmes fueren (liest bei der Guilde)

Den 7. Juni hun mier keng Versammlung mee do ass Pabeiersammlung et wir flott iech zu fill do ze gesinn. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.  De 7. An 8. Juni sidd dier och häerzlechst inviteiert op den Bealtaine op Neihaischen ze kommen. Den 14. Juni ass keng Versammlung.

Neies vun der Guilde:

Donneschdes, den 29. Mee  ass eng Sortie op Bilschdref op d’Guidenkiermes

Mir treffen eis zu Bilschdref. Um 10.30 Auer ass Mass. Mëttegiessen mat dem Menu: Prince Orloff fir 18 Euro. Umeldung bis spéitstens Dënschdeg den 20. Mee beim Martine Schlottert (Tel.: 50 3271 oder GSM: 621 414 040). Fir eppes vum Grill brauch een sech net unzemellen. Nom Iessen Fousstour vun Arsdorf op Koetschette (ongef. 5 km). Guide: Scherer Georges

Donneschdeg, den 4. Juni ass Keelenowend. Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Fir all d’Chef:

De nächste Grupperot ass de 27.Mee um 20°° um Bierg.

Fir all d’Carapio, RaRo, Mataarbechter, guildememberen a Chef:

De 7. Juni ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schonns en decke Merci fir all Hëllef.

1 thought on “Scoutsziedel bis de 14. Juni”

  1. Administrator
    Administrator

    Den 31. Mee ginn d’CaraPio duerch Péiteng op d’Sich no Geocachen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top