Logo Concours

T-ShirtDir kennt en alleguer, de Pullover an den T-Shirt vun eisem Groupp. Eis Reserve geet op en Enn, mir hun eis geduecht dass et eng flott Idee wier, eis een neien Outfit zouzeleen. Duefir si mir op der Sich no engem neie Logo. Gitt kréatif an entwerft een neien Logo fir eisen T-Shirt oder Pullover. Eenzeg Konditioun: den Emblem vun de Guiden a Scouten muss drop sin, an daat ganzt kann 2-3 Faarweg sin. Am Juni maachen mir eng kleng Ausstellung um Bierg wou jidfereen seng Stëmm kann ofgin de Logo wou am meeschte Stëmme kritt gët dann den neie Logo vum Grupp. Waat gët et ze gewannen? Dir kënnt mat Secherheet emol ganz houfreg op Iech sin, ausserdem kritt de Gewënner e Bong an engem Wert vun 100€ fir sech eppes am Scoutsshop ze kaafen.
Wéi kennt Dir matmachen? Ganz einfach schéckt eng E-mail mat ärem Logo an ären Coordonnéen un folgend Adress: concours [at] lgspeiteng [punkt] com oder git ären Virschlaag bei engem Chef of, mee net vergiessen den Numm drop ze schreiwen. Dir kënnt Är Kréatiounen bis den 9. Juni ofgin oder aschécken. Dëse Concours as op fir all Mëmber vun den Péitenger Guiden an Scouten.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top