Scoutsziedel bis den 1.November 2014

 

Fir all Biberen,Wellefcher, Avex, CaraPio, RaRo an Guildememberen

Vum 25-26 Oktober 2014 Montées W.E

Wéi dir bestëmmt schons wesst, wiesslen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mecht de ganze Grupp e W.E.

Wou? De W.E ass zu Dirkrech am Scoutschalet.

Départ: Mir treffen eis e Samschdeg den 25.Oktober um 13.30Auer an Uniform zu Péiteng op der Gare. Winst arbechten un den Zuchgleiser musse mir vun der Staat bis op Dommeldeng de Bus huelen. Hei Détailer 13:44 Péiteng-Lëtzebuerg/ 14:24 Quai 12 Bus Letz. Gare –Dommeldeng/ 14:49 Dommeldeng-Diekrich

Mathuelen: Jumbokaart,Täschelucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyama, fresch Ennerwäsch,Gezei fir all Wieder (et soll waarm sin an eppes géint de Reen daachen), Schlofsack, deck Schung,déi ausgefëllten Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale hei => F09A_fiche_medicale_enner_18_joer (1) a perséinlech Médikamenter.Verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen.

Fir d’AvEx, d’CaraPio/ Rover a Chef: CarryMatte net vergiessen.

Umellen : Fir dass mir wessen fir wifill Leit mir kache sollen ass et wichteg, dass dir Iech bis den 22.10 ugemellt hut, (och d’Chef) beim Kim Staudt um 621197160 dir kennt och eng SMS schreiwen.Merci !

Preis: De W.E kascht 20 Euro fir den éllsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g op der Plaatz.

Retour: Mir si Sonndes den 26.10 um 16.44 Auer nees zu Péiteng op der Gare. Hei Détailer: 15.12 Auer Départ Diekirch/ 15.47 Auer Départ Bus Dommeldange/ 16.22 Auer Départ Lëtz. Gare

Fir all d’Biber:

Hallo Biber, den 18. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Den 1. November ass keng Versammlung.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, den 18. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Den 1. November ass keng Versammlung.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, den 18. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Opgepasst déi Leit wou d’Montee machen, treffen sech den 25.10 schons um 10°° um Prenzbierg a gin vun do aus op de W.E. Den 1. November ass keng Versammlung.

Fir all d’CaraPio:

Salut léif CaraPio. den 18. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Opgepasst d’CaraPio treffen sech den 25.10 schons um 10°° um Prenzbierg, a gin vun do aus op de W.E. Den 1. November ass keng Versammlung.

Fir all d’RaRo:                                                                                                                                                

Salut den 18. Oktober ass Versammlung vu 16°°-18°° um Prenzebierg. Um Montees W.E packen mir eng Hand mat un, so w.e.g dem Kim um 621197160 bescheed wanns du derbei bass.

Neies vun der Guilde:                                                                  

Samschdeg den 18. Oktober : Uucht um 20:00h am Chalet um Prënzebierg.Um Programm:A. Mir fabrizéieren eise Foulardsrank (Modell Tête de turc) selwer, ënnert der fachmännescher Leedung vum Lex Felten.E Liederstréckel kascht ~0,50 €.B. Projektioun vum 1. Deel vun historesche Filmer iwwer d’Scoutsaktivitéiten aus de Joren 1958/59, gedréint vun eisem Member Fernand Godart, deemools Rover.Donneschdeg 23. Oktober : Keelenowendzu Lampech am Café Müller. Uspill um 20:00h.

Um Montees W.E packen mir eng Hand mat un, so w.e.g dem Kim um 621197160 bescheed wanns du derbei bass.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top