Scoutsziedel bis de 7.Februar

Fir Iech alleguer:

Wéi Dir allerguer wesst, spille mir den 6. an 7.Februar Theater zou Péiteng am Home St.Hubert.

Et gët gespillt:

**Biber: A lass!** **Wëllefcher: Net schon erem!**

**AvEx: En Dag am Joer 3000**  **CaraPio: Eng schaumeg Affaire**

D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter:

Dem Casanova säi Comeback

Den Rido ass um 19:30 (d’Kanner déi matspillen sollen um 19°°Auer am grousse Sall sin.)

Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.

Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaatzen vun elo un,  um 691 930 641 no 17°° Auer reservéiren.

P.S Wann dir eis e bessen wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach bis Donneschdes mat an eng Prouf. Villmols Merci am viraus!

Der Guilde een decke Merci wëll sie d’Tombola organiséiert.

 

E Samschdeg den 21.Februar bränne mir d’Buerg, haalt iech desen Datum scho mol frei. Détailer kommen am nächste Bréif.

 

Fir all d’Biber:Leif Biber, e Samschdeg de 24.01 hu mir wéi gewinnt vu 14°°bis 16°° Versammlung um Prënzebierg.Den 31.Januar treffen mir eis um 14:00 zu Péiteng op der Gare mat eisen Schwammsaachen well mer gin op Déifferdeng an déi nei Schwemm. J Mir sin erem géint 18:50 zu Peiteng op der Gare. Vir den recht Versammlungen treffen mer eis wei emmer um 14:00 um Prenzebierg

Salut Theaterspiller!Mir treffen eis all Kéier am groussen Sall vum Home St. Hubert zou Péiteng. Et ass wichteg dass Dir an all Prouf sidd!! Hei nach eng kéier eis Prouwen: Donneschdes den 22.1/

Dënschdes den 27.1/ Donneschdes den 29.1/ Dënschdes den 3.2/ Donneschdes den 5.2

Mir prouwen all Kéier vun 16°°-17°° zu Péiteng am Home St.Hubert

Fir all d’Wellefcher:Léif Wellef, well mir bis zum Hals an de Präparationen fir den Theater stiechen, werten mir déi zwee nächst Samschdeger, de 24.Januar an den 31. Januar just un eisen Kulissen schaffen. Mir gesinn eis wéi gewinnt vu 14°°bis 16°° um Prënzebierg.Dir braucht dofir den Text net matzebrengen. Deen üben mir an den Prouwen. (léiert ären Text J) Hei nach eng Kéier de Prouweplang: Donneschdes den 22.1 vun 17.30-19°°/

Méindes den 26.1 vun 17.30-19°°/ Donneschdes den 29.1 vun 17.30-19°°/

Méindes den 2.2 vun 17.30-19°°/  Donneschdes den 5.2 vun 17.30-19°°

Fir all d’AvEx:

Salut AvEx, déi nächst zwee Samsdeger de 24.Januar an den 31. Januar hu mir vu 14:00-16:00 Versammlung a schaffen weider un den Kulissen. Hei nach eng Kéier de Prouweplang: Méindes den 2.2 vun 16°°-17.30/ Mettwochs de 4.2 vun 16°°-17.30

Fir all CaraPio:

Versammlungen: Di nächst zwee Samgdeger, den 24. an 31. Januar treffe mer eis vun 14:00-16:00 fir den Theater vir ze bereeden.

Prouwen: Freides den 23.1/ Dënschdes den 27.1/ Freides den 30.1/ Dënschdes den 3.2/ mir prouwen all Kéier vun 18°°- 19.45 Auer

Camp: Eisen internationale Camp dëst Joer ass wéi ugekënnegt den You’re Up zu Stroossbuerg vum 16-23. Juli. (Infos: lgspeiteng.com/3297) Umeldung w.e.g. bis den Méindeg 26. Januar andeems der den éischten Accompte vun 200€ op eise Konto iwwerweist mam Betreff “You’re Up + Numm vum CaraPio”. Eise Konto: LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng =>

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Aktivitéiten: Den 29. März ass zu Klierf de JoCaPi. Dëst ass en Dag voll mat coolen Aktivitéiten wou d’CaraPio Gruppen aus dem ganze Land géinteneen un trieden. Mir wëllen hinnen natierlech weisen dass mat eis ze rechnen ass! De Präis wärt bei ronn 14€ leien. Weider Infos ginn et op lgs.lu/node/2355, Umeldung beim Gilles Glod bis de Méindeg 26. Januar. Sot ob der mëttes Lasagne mat oder ouni Fleesch wëllt iessen.

Vum 22. bis de 26. Mee huele mir un der nationaler CaraPio Aktivitéit “MAD Reloaded” zu Weicheréng Deel. Informationunen doriwwer fannt der hei: lgs.lu/node/2357. De Präis wärt bei ongeféier 80€ leie mä e steet nach net fest. Umeldung: sot dem Gilles Glod bescheed bis Owes den Donnedgen 22. Januar ob der interesséiert sidd.

Schreift iech och schonn den Iron Scout op de Kalenner. Dëst Joer wandere mir de Weekend vum 17.-19. Abrëll bis zu 65km rondrëm de Stauséi. Méi Informatioune komme mi spéit.

Fir all d’RaRo:Den 23. Januar gin mier op Bartreng op den Rarotreff. rdv dohannen ass um 19:30.Mier treffen eis e bessi éischter fier zesummen dohinner ze fueren( déi Infoen komen no ) Owes spille mier Stratego an dono ass gemütliches beisammen sein. Dir braucht just Suen fier Gedrenks an Iessen kenne ze kaafen. Denk un äer Uniform an Foulard.Den 24. Januar hun mier doweinst KENG Versammlung.

Den 31. Januar richten mier am Home Kulissen fier den Theater op.

Den 6. an 7. Febuar ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrenks, sou  ewéi em d’ofriichten. R.dv vu 17°° un am Home.

Fir all d’Chef: Den 6. an 7. Febuar ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrenks, sou  ewéi em d’ofriichten. R.dv vu 17°° un am Home.

En Denschdeg, den 10. Februar ass Grupperot um 20°° um Bierg

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top