Scoutsziedel bis den 29. November

Fir Iech alleguer,

Cotisatiounen :

Et ass nees un der Zeit fir de Joresbeitrag ze bezuelen. Des Suen gin intégral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass ärt Kand versechert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft gescheckt.Iwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir daat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbei ze schreiwen. Villmols Merci! P.S. D’Matarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mecht daat fir sie als kleng Unerkennung fir hir Arbecht.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

 Bazar/Nikloosmaart:

Wéi all Joer hu mir e Stand um Nikloosmaart. Mir sin den 28. an den 29. November fir um Staatshaus, fir Adventskränz a flott Arrangementer ze verkaafen.. Mir fréen eis op äre Besuch !

Aktioun Adventskräntz: =>>> Adventskränz  Winst dem grousse Sucées vun de läschte Joere mache mir och dest Joer erem Adventskräntz op Bestellung. Opgepasst um Maart selwer hu mir baal keng Kränz, profitéiert vun deser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon bei Claire Zwick um 691309108, sou sidd dir secher dass dir ee Kranz kritt.

Les scouts sont présents au marché de St.Nicolas du samedi 28.11 jusque dimanche 29.11. Ce nous ferait plaisir de vous voir sur place. Action Couronnes d’avent : =>>>> Adventskränz Profitez de la possibilité de commander votre couronne par téléphone et téléphonez à Claire Zwick au 691309108(voir feuille en annexe) .

Fir all d’Biber:

Hallo léif Biber kommt den 14. erop op den Prënzebierg fir no DER SAACH ze sichen. Mir kennen all Hellef gebrauchen. An och den 21. brauche mer iech an fir un allem är Gedold well et gett kniffeleg J Hm.. waat keint daat wuel sin?? Kommt erop da fannt der et eraus. Wéi ëmmer vun 14:00-16:00 um Prënzebierg Den 28 November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns.

Fir all d’Wëllefcher:

Dir leif Leit. Endlech as d’Vakanz eriwer. Endlech kennen mir erem an d’Scouten goen. Waat bis elo geschitt ass: Ob der Montee as dei ominös goldeg Këscht, entgeint allen Erwardungen, net fonnd gin. Daat huet eis Chef owes keng Rou geloos. Mir sin all eis Hinweiser na engkeier duechgangen an hun nach epuer Detailer entdeckt. Waat elo als nächst geschitt: Mir fannen dei Këscht desen Samschden 14. November zweschen 14h00 an 16h00. Fir den 21. November muss dir iech schounen, mir hun grousses vir. Firwetzeg? Da kommt op de Bierg, wéi emmer vu 14°°-16°°Samschdes, den 28 November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns.

Fir all dei nei Wellefcher an Wellefcherselteren: Den Haaptresponsabelen Chef an den Wellefcher as den Alex. (691 17 77 73) wann dir Froen hudd kennt Dir emmer unruffen.

Mir hun och een Link ob deem dir emmer erem aktuell Fotoen an Videoen vun eisen Aktiviteiten erem fannd. LGS Peiteng Wellefcher: https://www.icloud.com/sharedalbum/#B04G4TcsmcEWu9

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, , den 14.11 an den 21.11 hu mir vun 14:00 bis 16:00 Auer Versammlung. Hoffentlech kommt der all, well mer wärten kucken wat eis nächst Entreprise wärt ginn. Samschdes, den 28 November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns.

 

Fir all d’CaraPio:

Dir hudd iech fir d’Entreprise Joen, Falen a Survival entscheed! Fir eis nei Member ass also elo di éischt Geleegenheet mat der CaraPio Method ze schaffen: dir gestalt är Versammlungen am Sënn vum Scoutismus esou wéi dir wëllt. Zu dëser Entreprise hudd der iech bis elo dës Iddien iwwerluecht:

  • Wat fir eng Déiere kann e Jeeër eigentlech Joen?
  • Wéi eng Déierespuere muss ee kennen?
  • Wéi botzt a kacht een en Déier dono?
  • Wéi eng iessbar Planzen kann een zu Lëtzebuerg fannen?
  • Wéi kritt een e Feier mat naassem Holz un?
  • Wéi schützt ee sech och ouni Feier géint Keelt?
  • Wéi baut een e Schutz viru schlechtem Wieder?
  • Wéi kënnt een un drénkbart Waasser?
  • Wat ass geféierlech an der Natur?
  • Wéi kann een d’Wieder viraussoen?
  • Wéi mécht een op sech opmierksam wann een Hëllef brauch oder sech verluer huet?

Samgden, den 14. November: Moies ass Pabeiersammlung. Kuckt bei “Fir all Matarbechter,…”. Vu 14:00–16:00 treffe mer eis um Bierg. Fir déi éischt Versammlung vun der Entreprise proposéiere mir iech dass jidderee Folgend Saache virbereed: recherchéiert eng iessbar Planz a stellt se fier. Z.B. kënnt der um Internet zum Thema “essbare Pflanzen” eppes sichen. Recherchéiert och eng Manéier fir sech am Noutfall e Schutz ze bauen a stellt se an der Versammlung fir.

Samgden, den 21. November: moies, Äscht schneiden. Kuckt bei “Fir all Matarbechter,…”. Vu 14:00-16:00: Versammlung um Prënzebierg. Fir d’Prépartioun vum Bazar an de Bazar selwer kuckt och bei: “Fir all Matarbechter,…”.

Fir all d’RaRo:

Moien RaRo,

Den 14. November ass Pabeiersammlung, liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbechter…..

Den 21. November gin mier äscht schneiden fier Kränz ze weckelen,an déi Woch drop schaffe mir vu Méindes bis Freides um Bierg liest duefir bei: Fir all d’Matarbechter….. ,

Den 28.-29. Nobember hun mier Chreschtmaart liest och hei bei: Fir all d’Matarbechter….. .

Duerch eis vill Aktiviteiten hun mier dann den 5. Dezember endlich dem eng Versammlung.

Den 12.+13. Dezember ass dann eis RaRo Montee, wieder Detaillier kommen nach do nee natierlech fängt den Weekend reicht ab 16 h un.

An den 19. Dezember hun mier och eng Versammlung wou mier dono all zesummen op den Benny and the Bugs Concert on Neihaischen an Keltenhaus fueren ( didd ierch warm un )

Leif Raro , mir hëllefen déi nächst Woche wou mir nëmme kennen. Pobeiersammlung, Bazar firbereeden a Bazar selwer duefir liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbechter….. Fir op de Kalenner 12+13 Dezember: MonteesW.E

Fir all d’Martabechter, CaraPio, RaRo, Chef a Guildememberen:

Samschdes de 14. November ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.

Samschdes den 21. November gi mir Äscht schneiden, fir d’Adventskräntz. Mir treffen eis um 8.30 Auer zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Be prepared a brengt : E Secateur, warmt Schaffgezei an Hännsche mat. An der Woch vum 23. November schaffe mir vu Méindes bis Freides all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Samschdes den 28.11 a Sonndes den 29.11 brauche mir och Deng Hëllef fir op an ofzeriichten a fir ze verkaafen.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top