Scoutsziedel bis de 16.Januar 2016

Fir all d’Biber:

Moien léif Biber, dei nächt Versammlung gett et eppes ze klären ed geet em den Th….. hm waat kéint daat wuel sin ? J An och dei nächst drei Wochen wärten domad zedin hun. Enner anerem maachen mer och nach lauter flott Spiller dobannen an dobaussen. Kommt also de 9. An de 16°° Januar vu 14°° bis 16°° op de Prenzebierg

Fir all d’Wëllefcher:

Alles Guddes am Neien Joer gewenscht. Fir den Rescht, hu mir fir dest Joer vill Neies, et bleiwt awer och villes beim Aalen, eppes waat gleich bleiwt, ass dass mir Samschdes vun 14h00 bis 16h00 zu Peiteng um Prenzenbierg Versammlung hun. Mir hoffen Iech all och dest Joer rem do begreissen ze dierfen. Eppes waat Nei as … verroden mir Iech ob deser Platz na net. Loost Iech iwerraschen J

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdes, den 9.01 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00, wou mer mat eiser Kach-Expedotioun weiderman.

De Weekend drop hunn mir e WE mat den AvEx vun Kärjeng, Deifferdeng an Esch/Grenz. Dësen Weekend ass vum 16.01 bis den 17.01 zu Wolz. Mir schlofen do am Chalet. D’Thema vum Weekend ass Scoutismus. Den Treffpunkt ass Samschdes um 8.30 Auer an Uniform zu Péiteng op der Gare. Mir bieden iech, äert Kand Sonndes um 17.10 Auer nees op Péiteng sichen ze kommen.
Mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 9. Januar iwwert SMS beim Fredi un, op der Nummer 621 47 25 10.
Wat huelen mir mat? Uniform an Foulard/ Schlofsak/ Täscheluucht/ Bidon mat Waasser/ Täschemesser (falls dir eent hutt)/ Pyjama/ Kleeder fir all Wiederkonditiounen/ fest Schung fir dobaussen/ Gamelle an Iessbesteck/ klengt Handduch & Zännbiischt-seef/ Falls néideg: Medikamenter/ Eng Jumboskaart, falls dir eng hutt/

Fiche médicale =>: F09A_fiche_medicale_enner_18_joer_1

Den Weekend kascht 25€. Bei Froen mellt Iech w.e.g. bei der Chefequipe.

Fir all d’CaraPio:

Mir hunn déi nächst zwee Samgdeger den 9. an de 16. Januar normal Versammlung. Mir schaffen un eisem Theaterstéck also bréngt weider Iddie mat! Ditt iech och weider dem Wieder no un.

E Samschdeg de 9 Januar ass Pabeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss gëff dengem Härz e Stouss a komm hëllefen!

Fir all d’RaRo:

Salut RaRo, hoffen dir sidd gudd gerutscht, de 9. Januar hellefe mir bei der Pabeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. De 16. Januar ass dann eis 1. Raroversammlung 2016 wéi gewinnt vu 16°°-18°° um Bierg.

Fir op de Kalenner: De 20. Februar mache mir mat beim SPLASH zu Diddeleng.

 

 

Fir all d’Chef:

En Denschdeg den 5. Januar ass Grupperot um 20°° beim Guy doheem

 

 

Fir all RaRo, matabechter,guildememberen an chef:

E Samschdeg de 9 Januar ass Pabeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wéi‘s DU wees si mir DENG Hëllef ugewisen. Elo schons en DECKE MERCI!

Fir op de Kalenner: Hei d’Pabeiersammlungen fir daat ganzt Joer: 6.Februar/ 12.März/ 9.Abrëll/ 7.Mee/ 4.Juni/ 2.Juli/ 6.August/ 3.September/ 8.Oktober/ 5.November/ 3.Dezember

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top