Programm vun der Guilde: Juli - August 2016

Sonndeg 24.07.: Sortie op Biekerech
(Dës Sortie war ursprénglech geplangt fir den 9.07., huet awer misse verluegt ginn)
Rendez-vous A: Um 9:00h bei der Sportshal zu Péiteng. Mir fuere mat eise Privatautoen, mir versiche Fahrgemeinschaften z’organiséieren.
Rendez-vous B: Um 9:45h bei der Biekerecher Millen, 103, rue de Hovelange zu Biekerech
10:00h: Visite guidée vum Site: Geschicht, Millen, Seeërei, al Techniken, restauréiert Turbinn, Millemusée asw.
12:00h: Mëttegiessen am Restaurant „An der Millen“.
Wéi dës Zeile geschriwwe goufen, hat de Restaurateur eis weder de Menü, nach de Präis, matgedeelt. Mir sinn awer op jiddefall ugemellt.
Nom Iessen: „Promenade digestive“ vun ~ 5 km ënnert der Leedung vum Marie-Paul a vum Lex.
Et ass och méiglech fir méi kleng an einfach Weeër ze goen.
Denkt drunn dass d’Weeër kënne knaschteg sinn; also entspriechend Schung virgesinn.
Gemittlechen Ofschloss an der Millespënnchen, wou mir e Patt kënnen drénken an eis Wonne lecken.

Umeldung: bei Scheresch um Tel: 43 46 49, oder GSM: 691 434 649, oder Mail: schererg@pt.lu bis Donneschdeg, 21.07. um 12:00h
Donneschdeg.: 4.08: Vakanzaktioun [Org. Grupp + Gemeng]
Am Kader vun der Vakanzaktioun vun der Gemeng ass um Prënzebierg e Spillnomëtteg wou d’Kanner d’Welt vum Scoutismus kenne léieren. Mir brauchen de ganzen Daag, vu moies 9:30h bis +/- 18:00h, Leit fir ze hëllefen. Bass DU derbei? Da so w.e.g. dem Claire Dording um 621 683 999 Bescheed. MERCI am viraus.
Sammdeg. 6.08.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
All Mataarbecht ass wëllkomm, besonnesch an der Vakanzzäit, wou vill Leit fort sinn.
Méin. 8.08.: Comitésréunioun
um 20:00h am Home
Sam. 13.08.: Grillparty um Kuelbecherhaff.
Rendezvous um Haff vun 11:00h un
Grillen: – de Grill an dat fir ënnert de Grill (d’Feier) sinn op der Plaz;
– dat fir op de Grill an säi Gedrénks muss jiddereen, no sengem Gusto, selwer matbréngen;
– Zaloten an Taarten sinn net nëmmen wëllkomm, mä souguer erwënscht.
Fir am viraus Bescheed ze wëssen wat ongféier matbruecht gëtt, kontaktéiert w.e.gl.

d’Martine ( Tel: 50 32 71; GSM: 621 414 040; Mail: jschlott@pt.lu )
„Promenade digestive“ nom Iessen.
Sam. 3.09.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
All Mataarbecht ass wëllkomm, besonnesch … (dir wësst schonn).
Fir an den Agenda
Pabeiersammlungen: 8.10.; 5.11.; 3.12.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top