Infoziedel bis den 6. Mee

Fir Iech alleguer :

Fier déi, di op den groussen internationalen Camp GoUrban  matgin: Den 2. Accompte as fälleg. Iwerweist w.e.g. de Rescht vum Prais bis den 12. Mee op: 

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: GoUrban 2017 an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

Wann dier den Prais vum Camp fier äert Kand net méi wesst, kennt der daat op  http://gourban.lgs.lu/join/ nokuken.

Fir d’Biber :

Dir léif Biber, endlech as d’Fréijoer erem do! Dofier machen mer den Samsden ë klengen Spazéiergang duerch d’Natur. R.d.v wéi emmer vun 14h bis 16h um Prenzenbierg. Ditt iech dem Wieder no un, mir sin dobaussen. Den 6. Mee as normal Versammlung vun 14h-16h um Prenzenbierg. Maacht Iech op eng mei kreativ Versammlung gefaasst. 

Fier d’Wellef :

Dir léif Wellëfcher, endlech as et erem esou wait d’Vakanz as eriwer ….an dir kennt erem an d’Schoul goen, awer natierlech och an Scouten J. Den 29. Abrell as keng Versammlung, well daat den Weekend vum 1. Mee as. Déi eischt Versammlung as den 06. Mee vun 14h00 bis 16h00 um Prenzenbierg. Do fänken mir och mat der éischter Indiana-Jones-Aktionversammlung un. Dir kennt also gespaannt sin. 

Fier d’Avex :

Salut AvEx, dei zwee nächst Samsdecher, den 29.04 an den 06.05, hu mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Den Samsdeg, den 13.05 ginn mer op den Absurd-Cup (daat as esou eppes Ӓhnleches wéi den Wellefchersrallye, just halt eben fir AvEx). Fier matzegoen sollt der Iech bis den 06.05 beim Fredi um 621 472 510, am beschten per SMS, unmellen. Detailer kommen am nächsten Breif no.

Fier d’Carapio :

Wann äer Bloderen vum Ironscout nees geheelt sin, dann gesin mer eis déi 2 nächst Samsdeger den 29 Abrell an den 6 Mee vun 14h bis 16h um Prenzebierg.

Fier d’RaRo : 

Den 29 Abrell an den 6 Mee hu mier Versammlung as usual. Mier schaffen wieder un eisen Projéen an eis Challengen gin och wieder. BE PREPARED. Denkt natierlech och drun déi néideg Materialien an Schaffgeschier matzebrengen.

Fier d’Albatrossen:

D‘ Guilde huet den 29. Abrell hier Generalversammlung an d‘ Albatrossen sin do häerzlech agelueden. Denkt drun Iech bis den 25 Abrell beim Martine Schlottert unzemelden (GSM: 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu)

 Fier d’Chef:

Den 6. Mee as Kanudaach am Mariendall fier nai Paddelen ofzegraiffen. Wann der ugemellt sidd misst der nach eng Infomail kréien.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top