Infoziedel September 2017

Salut alleguer,

Ech hoffen dir haat eng schéin Vakanz an brennt drop erem an d‘Versammlungen ze kommen.

Fir de ganze Grupp:

Dest Joer ass erem de Festival de l’amitié Americo-Luxembourgeoise (firdrun bekannt als Anniversaire vun der Libératioun). D’Gemeng an de Syndicat d‘Initiative organiséiren fill Aktivitéiten fir dest ze feiren. Hei just déi, wou mir als Grupp matmachen.

Samschdes den 9. September: Offiziell Gedenkfeier

R.d.v um 16:30 Auer an Uniform bei der Borne des Passeurs bei der Kierch an duerno as och eng Zeremonie beim Denkmal vum Zaldot um Square Hyman Josefson. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass duerno eriwer, dier kennt awer gären op d’Maartplaaz live Musek lauschteren goen.

 

Samschdes den 16. September: Éischt Versammlung fir daat neit Scoutsjoer:

D’Biber, d’Wëllef, d’Avex an d’CaraPio hu vu 14°° bis 16°° Versammlung um Prënzebierg. Maat Reklam fier d’Scouten an ären Schoulklassen an brengt roueg all är Frenn mat an d‘ Versammlung. D‘RaRo hu vu 16.15 Auer bis 18.30 Auer Versammlung um Prënzebierg.

Samschdes den 16. September: Aweihung vum naien Scoutschalet zu Rodange

Eis Scouts-kollegen vun Rodange hun eis zur Aweihung vun hieren naien Chalet „Am Doihl“ an eiser  naier Garage agelueden. R.d.v. an Uniform um 10:30 Auer zu Rodange an der Verlängerung vun der Rue de la Minière.  

Samschdes den 14. Oktober: Mass fier die lieweg an verstuerwen Memberen vum Grupp Hl. Franz vun Assisi

Fir op den Kalenner: Den Samsden 14 Oktober gett eng Mass zu Eiren vun den verstuerwenen Memberen vun eisem Grupp um Prënzebierg bei der Kapell organiséiert. Géint 15:30 gin Lidder geprouft an um 16:00 Auer fänkt Mass un. Weider Détailer kommen nach no.

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo,d‘Matarbechter,d‘Guilde a d’Chef:

Samschdes den 9. September: Pabeiersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Wëll vlaicht nach vil Lait an der Vakanz sin, mee d’Aarbecht awer net manner gett, ass et wichteg dass jidfereen deen irgendwéi kann hellefen, derbei ass. Elo schons en decke Merci.

Samschdes den 23. September: Kleedersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim aale Pompjesbau. Hai gellt daat nemlecht wie firdrun, all Hellef gett gebraucht. Elo schons en decke Merci.

Fir d’Chef:

Mettwochs den 27.September: Kongress zu Dikirch an Sonndes den 1 Oktober: Chefdaag zu Dikirch

Détailer fannt dir am „Kompass“ sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed op dir matgidd a waat dier fier ze Iessen wellt.

Mettwochs den 4.Oktober: Grupperot: R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Suerft roueg emol op eisem Site laanscht www.lgspeiteng.lu. Bei der Rubrique „Guilde“ fannt dir d’Aktivitéiten vun eiser eelster Branche, des därfte fir un allem är Elteren intresséiren, bei den Treppeltier kënnt dir och gär als Famill matgoen.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top